Radioen

On air

Al Schanken  |  Carolyn Wonderland - Trouble in the City

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bal 50 Staats- a Regierungscheffen op Sommet a Moldawien

Moldawien

Bal 50 Staats- a Regierungscheffen op Sommet a Moldawien

Een Dag virum Sommet vun der sou genannter Europäescher Politescher Communautéit huet d'Europäesch Kommissioun een Hëllefspak vun e puer Honnert Milliounen Euro fir d'Republik Moldau annoncéiert. D'EU géif den EU-Kandidat Moldawien um Wee fir an d'Unioun ënnerstëtzen, sou d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen zu Chisnau. An der Haaptstad vu Moldawien komme 47 Staats- a Regierungscheffen zesumme fir de Sommet vun der "Europäescher Politescher Communautéit".

auto_stories

2 min

Foto: Adobe Stock

Lauschterenplay_arrow

Dat deen zweete Sommet vun där Europäescher Politescher Communautéit a Moldawien ass, huet grousse Symbolcharakter.

Et misst een dat Ganzt vu Moskau aus kucken, sot am Virfeld vun där grousser Reunioun een EU-Diplomat. Mol keng 20 Kilometer vun der ukrainescher Grenz ewech kommen - matten am Krich, bal 50 Staats- a Regierungscheffen an der Haaptstad vun engem Land zesummen, wat sech ganz explizitt vu Russland of - an der Europäescher Unioun zougewannt huet.

Et ass ee Message vu Solidaritéit mam klénge Land tëscht Rumänien an der Ukrain, deen haut soll erausgeschéckt ginn, wa sech déi bal 50 Staats- a Regierungscheffe virum Schlass zu Bulboaca, eng 30 Kilometer vun der Haaptstad Chisnau ewech, fir eng historesch Familljefoto opstellen.

Mat derbäi de Premier Xavier Bettel an all déi aner 26 EU-Staats- a Regierungscheffen, ma och déi vum Westbalkan, Island, der Schwäiz oder awer dem Aserbaidschan.

Diskussioune rondrëm d'Sécherheet, d'Energie a d'Connectivitéit

Et ass een informelle Sommet - mat ville Gespréicher am klenge Krees - sou wéi dat och um 1te Sommet vun där Europäescher Politescher Communautéit zejoert zu Prag war.

D'Diskussioune solle ronderëm d'Sujete vun der d'Sécherheet, der Energie an der Connectivitéit dréinen. Am Fokus wäerten d'Auswierkungen an d'Reaktiounen op de Krich an der Ukrain stoen.

Alles ouni, datt ee sech dono iwwer ee gemeinsam Deklaratioun eens gi muss, eppes wat zejoert vill Leaderen als positiv ervir gehuewen hunn. Si hunn offensichtlech ee Besoin a méi labberer Atmosphär mateneen ze schwätzen. Konkret gouf et de Mëttwoch als Optakt d'Annonce vun der Kommissiounscheffin ee weideren Hëllefspak fir d'Republik Moldau.

"Moldawa is at the heart of Europe, Moldawa is Europe", sou d'Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen.

D'Kommissioun wäert d'Personal zu Chisnau opstocken, fir méi séier virunzekommen, am Prozess fir d'EU-Memberschaft. D'Land ass zanter Juni offiziell Kandidat, fir Member vun der EU ze ginn - a Moldawien gëtt et grouss Hoffnungen, datt nach dëst Joer d'Bäitrëttsgespréicher ufänken. Dofir si virun zwou Woche bal Honnertdausend Leit zu Chisnau op d'Strooss gaangen.