Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Pressyes - Moving On

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sollen Handyen an de Schoule verbuede ginn?

Commentaire

Sollen Handyen an de Schoule verbuede ginn?

De Lycée Ermesinde ass op dee Wee gaangen, Handyen ze verbidden. An elo gëtt weider vill diskutéiert iwwer de Gebrauch vun digitalen Technologien an der Schoul. Dobäi däerf net vergiess ginn, d'Schülerinnen a Schüler matschwätzen ze loossen.

auto_stories

3 min

Schoul hale gouf sécher net méi einfach zanter datt den iPhone 2007 op de Marché koum an d'Welt verännert huet. Well mam Smartphone krute Schüler fantastesch nei Méiglechkeeten, sech op alles, mee net op den Unterrecht ze konzentréieren. Dofir ass et evident, datt et an der Schoul och fir den Handy Reegele muss ginn. Zum Beispill, den Handy wärend dem Unterrecht aus maachen, oder e virum Unterrecht ofginn. Dat gëtt a ville Schoulen och gemaach. Mee et ass net einfach fir d'Enseignanten, wann d'Handyen dann awer piipsen, d'Schüler awer chatten, a bei der Prüfung een Handy ofginn, mee een Zweete verstoppt hunn, an awer knäipen. An d'Erausfuerderungen huelen elo nach ganz an aner Dimensiounen un duerch kënschtleg Intelligenz, wéi den Chat-Roboter Chat-GPT, mat deem d'Schüler elo hir Hausaufgaben erleedegen.

D'Pedagogik soll gestäerkt ginn

Dofir gëtt ëmmer nees d'Fro gestallt, op ee bei de "Reegelen" net méi wäit misst goen. De Lycée Ermesinde zu Miersch huet dat elo gemaach. Do ginn d'Handyen an der ganzer Schoul verbueden, fir d'Schüler a fir d'Personal. An Tablets a Laptoppe gi fir d'Schüler bis 4ème och "ageschränkt".

Dat ass eng Première zu Lëtzebuerg an eng intressant Entwécklung. Déi awer falsch verstane gi wier, sot mir den Direkter vum Lycée Ermesinde, Jeannot Medinger, op Nofro hin. Hie behaapt, den Handy hätt bei hinnen den Unterrecht per se eigentlech net gestéiert, a wier also net aus disziplinareschen, mee aus pedagogesche Grënn verbuede ginn. De Lycée hätt ee Joer laang Recherche gemaach mat senger Firma "Lite", an där och Schüler dra sinn, a wier zur Konklusioun komm: D'Handyen hätten e negativen Effekt op dat, wat dem Lycée Ermesinde am wichtegsten ass: Kooperatioun, Reflexioun a Recherche.

A weider: Déi digital Technologien a kënschtlech Intelligenz géife wuel immens Chancë bidden, mee fir déi ze notzen, bräicht e paradoxerweis fir d'éischt e Recul, an eng "culture générale". An déi kéint een net kréien, wann ee Computeren ze vill, an ze fréi an der Schoul benotzt.

Keng gutt Note bei digitale Kompetenzen

D'Meenungen doriwwer ginn auserneen. Mee dem Lycée Ermesinde seng Decisioun ass intressant och am Kontext vum Educatiounsminister Claude Meisch senger Digitaliséierungs-Offensiv an de Lycéeën, déi jo an de leschte Joren Dausenden iPads vum Staat kruten. D'Resultater si bis elo mitigéiert: am internationale Verglach schneide Lëtzebuerger Schüler bei den digitale Kompetenzen nach ëmmer net gutt of, an och vu Säite vun den Enseignanten a Gewerkschafte gëtt et Kritik. Ënner anerem, datt et un engem pedagogesche Konzept feelt, wéi ee mat digitalen Technologien an der Schoul soll ëmgoen. An un enger deementspriechender Formatioun vun den Enseignanten.

De Ministère huet a senger Reaktioun op den Handy- an Tablett Verbuet am Lycée Ermesinde probéiert cool ze bleiwen, an op d'Autonomie vun de Schoulen higewisen. E generellen Handy Verbuet an alle Schoule gesäit de Ministère zwar net als sënnvoll, mee d'Schoule kéinten dat awer selwer decidéieren. Dofir kann een elo gespaant sinn, op méi Schoulen Handy- an Tablett-Verbueter wäerten aféieren.

Ob dat de richtege Wee ass muss een awer och a Fro stellen. Well mat Handy-Verbueter riskéiert een d'Dier zouzemaache fir an der Schoul, a mat de Schüler, ze diskutéieren, an ze léieren, wéi een de Smartphone dann elo op eng smart Manéier soll, oder kann, benotzen. Verschidden Enseignantë maachen dat schonn zum Deel, andeems se den Handy mat an den Unterrecht abauen. Dat ass konstruktiv, kollaborativ an inklusiv. Well och d'Schoulen, Enseignanten an Eltere musse bei den digitalen Technologien oppe sinn, fir vun de Schüler:innen ze léieren an op d'mannst déi digital Welten, an deenen si liewen, iwwerhaapt emol ze verstoen.