Eng Faillite wier en normale Prozess an enger Wirtschaft, och wann dat fir d'Salariéen a fir d'Patronen eng schwiereg Situatioun ass, seet den Tom Wirion, Direkter vun der Chambre des Métiers. Am fräie Maart wier et normal, datt op der enger Säit Betriber verschwannen, an op der anerer Säit neier gegrënnt ginn. Datt de Staat esou an de fräie Maart agräift, wier e Prezedenzfall. Mat der Propos wéilt een net drop eraus, datt de Staat elo all d'Betriber soll iwwerhuelen, déi Faillite ginn, erkläert de Gary Diderich vun déi Lénk.
"Hei geet et elo drëm op e Besoin vun der Gesellschaft an e politesche Besoin ze äntweren, an eppes z' iwwerhuelen, wat op Krisen äntwert déi do sinn."
An déi Kris wieren d'Baukris an d'Logementskris hei zu Lëtzebuerg, seet de Gary Diderich. Wann de Staat elo eng ganz nei Firma wéilt opbauen, da géif dat vill méi laang daueren a géif méi deier ginn, wéi wann de Staat déi bestoend Bauentreprise Cardoso géif iwwerhuelen.
Tom Wirion: Privat Entreprisen hu Virdeeler
Fir den Tom Wirion widdersprécht esou eng ëffentlech Baufirma awer dem Entrepreneursgeescht zu Lëtzebuerg, an hien ass de Meenung, datt eng privat Entrepise méi effizient, méi agil an domat och méi käschtegënschteg kéint funktionnéieren, wéi eng ëffentlech Entreprise.
Manuel Cardoso, eng vun de gréisste Baufirmen zu Lëtzebuerg, hat ronn 220 Aarbechter - iwwer 100 dovun hätten an Tëschenzäit schonn eng nei Plaz fonnt, a gutt Leit géifen och gutt bezuelt ginn am Bausecteur, mengt den Tom Wirion.