Kanada Solidaritéit no déidlecher Schéisserei a Moschee

Sechs Mënsche ware bei enger Schéisserei an enger Moschee an der Stad Québec ëm d'Liewe komm. An der Nuecht hu sech honnerte Leit versammelt fir hir Solidaritéit mat der moslemescher Communautéit ze weisen. Och kanadesch Politiker hunn u Rassemblementer deelgeholl, an ee Message vun Eenheet a Fridde verbreet.

Yascha Wecker (Montreal) / ys

Fräiwellëger hu fir näischt waarmt Gedrénks verdeelt
Fräiwellëger verdeele fir näischt waarmt Gedrénks

Trotz den äisegen Temperaturen waren an der Nuecht honnerte Leit zu Montreal zesummekomm.

Mat hire Solidaritéitsmessagen hu si e bësse Wiermt an déi kal Nuecht bruecht. Mat Käerzen am Grapp hu si der moslemescher Communautéit vum Québec hir Ënnerstëtzung ausgedréckt, nodeems e Sonndeg ee jonke Mann während dem Owesgebiet an der grousser Moschee vun der Stad Québec op déi Gleeweg geschoss hat. Sechs Leit hat hien ëmbruecht.

Den Haider ass ee Kanadier mat irakeschen Originnen. Hien ass entsat, datt esou Attacken an engem friddleche Land wéi Kanada kenne geschéien. Mee hie wéilt sech vun esou Leit net ënnerkréie loossen. "Mir wäerte weider hei liewen. Mir wäerte weider eis Steiere bezuelen."

Honnerte Mënsche sinn zu Montreal op d'Strooss gaangen

Versammlungen wéi déi zu Montreal si Gëscht uechtert de Kanada organiséiert ginn, dorënner zu Ottawa, an der kanadescher Haaptstad, zu Toronto an natierlech zu Québec-City, wou och de kanadesche Premier Justin Trudeau an de quebecesche Premier Philippe Couillard mat dobäi waren.

Politik rifft zu Eenheet op

De Message war iwwerall deen, datt d'Islamophobie an de Rassismus keng Plaz a Kanada hunn. De Justin Trudeau sot, d'Kanadier missten elo zesumme kommen, fir géint den Haass ze kämpfen. "Mir wäerten net mat Gewalt op d'Gewalt äntweren." Et géif een ëmmer mat Léift a Matgefill äntweren, sou de Premier.

D'Attack op d'Moschee zu Québec huet och politesch Divisiounen fir een Ament verschwanne gedoen, wou dem Trudeau seng politesch Géigner säin Appell fir d'Unitéit widderholl hunn. "Mir verspriechen, datt mir wäerte gëeent wäerte bleiwen, fir géint den Haass, d'Intoleranz an d'Islamophobie ze kämpfen", sou de Chef vun der sozialdemokratescher Partei NDP, Thomas Mulcair.

De presuméierten Auteur vun der Schéisserei, ee 27 Joer ale Student aus dem Québec, ass mëttlerweil an 11 Punkten ugeklot ginn. Mee nach versteet keen esou richteg, wat dëse jonke Mann ouni Casier dozou beweegt huet, fir sou eng Attack duerchzeféieren.

Méi zum Thema

Justin Trudeau Analys
Klimaplang am Kanada

De Justin Trudeau huet rezent een nationale Klimaplang fir de Kanada op d'Bee gestallt. Trotz dem Widderstand vu gewësse kanadesche Provënzen. De Premier beweist am Dossier Klimawandel Leadership.

Programm

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen