Den Hotel Lanners zu Ettelbréck stellt den Ament seng Zëmmere bei Bedarf fir medezinescht Personal zur Verfügung. Et wier eng gewësse Solidaritéit do, fir datt jiddwereen aus där Situatioun kéint kommen, seet de Patron Raymon Lanners. "Wann ee kann hëllefen, da mécht een dat och."
Fir de Rescht hätt den Hotel awer schonn zanter dem 16. Mäerz seng Dieren zougemaach, zielt hien. Den Hotel hätt vill Ofsoe kritt, an dat hätt sech schonn den éischte Weekend bemierkbar gemaach, wéi d'Regierung annoncéiert hat, d'Leit sollten net méi virun d'Dier goen.
Finanziell Pertë sinn net auszeschléissen
Bis elo hätt een nach kee vun den am Ganzen aacht Mataarbechter missen entloossen, mee jiddweree wier am Chômage partiel. Den Hotel Lanners géif den Ament och keng Liwwerunge maachen, well dat relativ schwiereg wier, zielt de Raymond Lanners. "Wann ee ronderëm kuckt, di sech d'Leit och relativ schwéier, fir domadder iwwer d'Ronnen ze kommen." Dofir huet den Hotel Lanners sech dozou entscheet, fir zouzemaachen.
Finanziell Pertë géifen an dëser Zäit deemno net ausbleiwen, sou de Patron vum Familljebetrib. D'Ënnerstëtzungsmesurë vum Staat géifen net duergoen, fir all d'Fraisen ze décken. Och fir méi grouss Hotelsstrukture wier et den Ament net einfach, erkläert d'Anne Quitin, Directrice Commerciale vun de Goeres Hotellen zu Lëtzebuerg.
Eng schwéier Zäit fir d'Hotellen
Normalerweis géifen et am Mäerz vill Reservatioune ginn, zielt si, an d'Goeres Hotelle géifen elo d'Frontaliere logéieren, déi am Spidols- a Fleegesecteur schaffen. Dat fënnt si och normal, och wann hir Hotellen dowéinst Pertë géife maachen. All d'Commerce géife momentan Pertë maachen, an et wier eng schwéier Zäit.
Am hirem Hotel Parc Belle-Vue an der Stad Lëtzebuerg wieren den Ament ëm déi zéng bis 15 Zëmmere pro Dag fir Frontaliere reservéiert. Verschiddener vun hinne géifen de Weekend oder och länger bei d'Famill goen, jee nodeems wéi hir Schichte wieren.
Och wann den Hotel den Ament manner Zëmmere wéi soss besat hätt, géife si mam operationellen Deel virufueren. Dat betrëfft och d'Hygiène-Standarden.
Flexibilitéit ass gefuerdert
D'Reservatioune géife si iwwer de Luxembourg Convention Buro (LCB) erakréien, zielt d'Anne Quitin. D'Spideeler géifen eng Demande un de Wirtschaftsministère schécke fir déi Leit, déi am Hotel schlofe wëllen. Déi géifen dann un den LCB weidergeschéckt ginn, déi den Hotellen eng Lëscht vun de Leit weiderleet mat de geneeën Daten.
An dëser schwéierer Zäit wéilten d'Hotellen deemno weider disponibel bleiwe fir d'medezinescht Personal ze ëmfänken, esou nach de Raymond Lanners.
"Et ass eng Ausnamesituatioun, an da muss een och kucke bësse Flexibilitéit mat eranzebréngen."
Wéinstens da kéinte si mat engem klengen Deel vun hirer Aktivitéit virufueren an do Hëllef leeschten, wou Bedarf ass.