Eng Rei Gemenge ware vill manner vun den Iwwerschwemmunge getraff, an den Syvicolpresident Emile Eicher huet gesinn, datt déi direkt bereet waren eng Hand mat unzepaken. An Tëschenzäit hate sech 20 Gemengen gemellt fir ganz Ekippen ze schécken, grad ewéi Material zur Verfügung ze stelle mat Allem, wat een an esou e Situatioune brauch. Camionen, Vidangeusen, Botzmaschinnen, Booter, Elektroaggregater. Um Ufank wier dat iwwert een informelle Wee gelaf. Dunn ass eng Koordinatioun an eng Hotline fir d'Gemengen ageriicht ginn. D'Gemenge kruten doduerch eng Lëscht mat Kontaktpersounen an hu sech dunn ënnertenee kontaktéiert.
Een Ënnerdaach fir Läit déi keen Daach méi iwwer dem Kapp hunn
Sechs Gemengen hu sech gemellt fir Appartementer unzebidden, grad ewéi Sportshalen a Kulturzenter zur Verfügung ze stellen. D'Internater Jacques Brocquart hunn 220 Zëmmer proposéiert, Hoteller hu sech gemellt fir gratis Zëmmer ze proposéieren.
D'Prioritär mussen d'Wunnengen nees fit gemaach ginn
Vill Stéit hu missten hir Wunnenge verloossen, well d'Waassermasse Villes zerstéiert hunn, betount de President vum Syvicol.
"Dat Wichtegst ass d'Haiser esou séier wéi méiglech fit ze maachen, datt d'Läit nees an hir Haiser kënnen zréckgoen. Elo ass et eng riseg Aarbecht fir d'Handwierker déi och elo iwwert de Weekend eng Hand mat upaken. Dat wat d'Gemenge kënne maachen, dat ass provisoresch eng Hand upake fir ze botzen an ze raumen a Pannen ze behiewen.
Wichteg ass et datt d'Läit hir Assurancen séier kontaktéieren fir hir Schied ze mellen, an och déi Hëllefen déi de Staat zur Verfügung stellt unzefroen. De Staat huet ugekënnegt dat séier an onkomplizéiert ze maachen. Dat wier dann elo dat Allerwichtegst", erkläert den Emile Eicher.
Grousse Luef fir CGDIS
D'Pompjeeën waren e puer Deeg intensiv am Asaz. An der Gemeng Kliärref si vill Gemengenaarbechter an de Pompjeeën aktiv. 32 waren am Ganzen am Asaz, präziséiert den Emile Eicher:
"Jidderee war mobiliséiert. Déi Läit sinn och midd, déi sollen e bësse raschten. Mee och eis Aarbechter hunn direkt gesot se géifen och an anere Gemengen hëllefen, wann se dat froen. Jiddwereen huet hei méi gemaach, wéi ee normalerweis hi kritt, an ech soen dem CGDIS ee ganz grousse Merci fir déi professionell Hëllef déi se ugebueden hunn. Mee mir mussen eis trotzdeem eng Kéier zesummesetzen mat deene Gemengen déi betraff waren, an och den CGDIS fir villäicht och d'Konsequenzen aus dëser total aussergewéinlecher Katastroph ze zéien. Wéi zum Beispill d'Koordinatioun, déi mer um Niveau vum CGDIS konnten direkt organiséieren" proposéiert de President vum Syvicol den Emile Eicher.