D'Evenementer ginn op den Owend vum Nuetsmarathon an der Stad zréck, also op den 20. Mee. En alkoholiséierte Mann wier op deem Owend vun zwee Beamten op de Garer Policebüro bruecht ginn. Do wier en du vun dräi aner Polizisten, déi näischt mam Asaz ze dinn haten, an enger Zell zerschloe ginn. Duerno wier probéiert ginn d'Dot ze vertuschen.
E Chef vum Kommissariat soll déi zwee Beamten déi de Mann an d'Zell bruecht hate gefrot hunn d'Rapporten ze fälschen. Dat wier awer opgeflu well et Onstëmmegkeeten am Rapport gouf. Et wier ee vun de schlëmmste Fäll vu Policegewalt, déi et bis elo hei am Land gouf, heescht et am Artikel vum Lëtzebuerger Wort. D'Enquête vun der Generalinspektioun IGP leeft nach.
Policegewerkschaft pocht op d'présomption d'innocence
Esoulaang gëllt d'présomption d'innocence, an d'Policegewerkschaft pocht och do drop. Esou laang d'Enquête net ofgeschloss wier, géif een hannert senge Membere stoen, seet d'SNPGL-Generalsekretärin Marlène Negrini op eis Nofro hin.
"E Member deen eng flitze gelooss huet an och eng Strof verdéngt huet, dee kritt dat dann och, wann dat esou ass, vun eis esou gesot."
Bis méi gewosst ass kéint a wéilt d'SNPGL näischt dozou soen. Wéi laang d'Enquête geet ass nach net gewosst. Et wäert nach eng Zäit daueren, bis kloer ass, ob a wéini déi véier Inculpéiert de Prozess gemaach kréien.