Radioen

On air

Notturno  |  Laetitia Sadier - Une Autre Attente

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ SNPGL kristiéiert den Ëmgang vun der Politik mat der Police

Gesellschaft

SNPGL kristiéiert den Ëmgang vun der Politik mat der Police

D'Policegewerkschaft geheit der Politik vir, net genuch fir e gudde Funktionnement vun der Police ze ënnerhuelen. Op der Generalversammlung vum SNPGL goufe gëscht Owend d'Erausfuerderunge fir d'Police an d'Revendicatioune vun der Gewerkschaft adresséiert.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Ee Punkt wier déi "katastrophal Situatioun" an der Formatioun, esou de President Pascal Ricquier. Et géife méi Stagiären an d'Policeschoul kommen, ewéi d'Formatioun eigentlech virgesäit. D'Unzuel u Stagiären hätt sech verdräifacht, ma Formateure géifen et der net genuch ginn. De Pascal Ricquier zitt des pauschal Konklusioun.

"Mir maachen eis eege Poliziste krank, Burnout, lafe fort ëmmer méi. Et ass bedauerlech, datt den SNPGL dat haut muss soen. Well de Beruff vum Polizist eigentlech e schéine Beruff ass. Mee nee, et ass net méi schéi bei der Police a vill Leit packen den Drock net méi."

SNPGL: Digitaliséierung verschlof, a Kritik u Bodycams

Fir vill Punkten, déi am Koalitiounsaccord festgehale goufen, géif et "eng deck Datz" ginn, esou de Marco Richard, Vizepresident vun der Policegewerkschaft. Am Beräich vun der Digitaliséierung wier zum Beispill net vill geschitt. Ma grad déi kéint dobäi hëllefen, datt Poliziste manner Zäit mat Schreiwaarbecht verbréngen.

Da bedauert de Marco Richard och, datt den Accident zu Lausduer vu viru fënnef Joer an d'Geriichtsuertdeel, dono an der Police net opgeschafft gi wier.

Den SNPGL huet och nach eng ugepasst Betreiung fir Kanner vu Beamte gefuerdert. An huet och d'Kritik widderholl um Asaz vu Bodycams, sou wei en aktuell virgesinn ass.