Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Angélica Garcia - Color De Dolor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ SNHBM: Manner Leit kënne kaafen

Logement

SNHBM: Manner Leit kënne kaafen

D'SNHBM huet zejoert 289 Wunnunitéite fäerdeg gebaut. 1010 Unitéite wieren an der Konstruktioun gewiescht an iwwer 8000 Leit waren un engem Kaf interesséiert. Déi aktuell Krisen hu sech och bei der SNHBM bemierkbar gemaach.

auto_stories

2 min

Annick Rock, Guy Entringer, Jessica Gaspar (Foto: Morgane Weidig)

Lauschterenplay_arrow


Et wier den Ament keng einfach Situatioun op de Chantieren erkläert d'Annick Rock, Presidentin vum Verwaltungsrot vun der SNHBM. D'Chantieren hätte Retarden an d'Präisser an der Constructioun géifen d'Verkafspräisser weider erop drécken.

"Parallel ass natierlech och nach ëmmer, datt d'Zënsen an d'Luucht ginn an dat mierke mir och bei eise Venten. Do hu mir verstäerkt Problemer Clienten ze fannen, déi sech d'Wunnenge kënne leeschten respektiv déi d'Prêten accordéiert kréien op der Bank."

Eng Solutioun dofir wier méi Unitéite fir d'Locatioun ze bauen, ënnersträicht de Guy Entringer. D'SNHBM wéilt, datt op laang Dauer 40 Prozent vun de Logementer verlount solle ginn.

De Loyer géif am Duerchschnëtt bei dräi Euro 90 de Meter Carré leien. De Verkafspräis vu Projeten déi dëst Joer nei an d'Vente ginn - wei de Projet Nonnewisen zu Esch - läit an der Moyenne bei 5.023 Euro de Meter Carré, esou de Guy Entringer. Mee well manner Leit Prêten accordéiert kréien, bleift d'SNHBM zum Deel op senge Bien'se sëtzen.

"Mir hunn am Moment invendus um Projet Geessewee zu Bieles, dat sinn Ee-Familljen Haiser an och zu Elmen baue mer einfach méi séier, wéi d'Client am Moment hannendru kommen."

Projeten zeréck zéie wäert d'SNHBM net. Dofir well d'Sociétéit déi onverkaaften Unitéite lo op hirem Internetsite méi visibel maache fir Leit déi en Prêt accordéiert kréien.

Iwwerdeems stinn dem ëffentlechen Acteur am Bausecteur Terrainsreserve fir iwwer 3.000 Logementer zur Verfügung. An der Ëmsetzung si Projeten zu Elmen, d'Cité Militaire zu Dikrech, an op der Itzigerknupp zu Bouneweg.