Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geplangte Kapitalerhéijung bei der SNHBM

Logement

Geplangte Kapitalerhéijung bei der SNHBM

Bei der "Société Nationale d'Habitation à Bon Marché" gëtt de Moment un enger Kapitalerhéijung geschafft. Dat huet den Direkter Guy Entringer dem radio 100,7 confirméiert. Wéinst hirer Expansioun soll d'SNHBM eng Zomm vu viraussiichtlech zéng Milliounen Euro zousätzlech zur Verfügung gestallt kréien. De Gros vun de siwen Aktionäre vun der Societéit hu schonn hir Bereetschaft erkläert, fir beim Opstocke vum Kapital matzemaachen.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock

D'Gesellschafts-Kapital vun elo 56 Milliounen Euro vun der SNHBM soll am Laf vun dësem Joer ëm ronn 20 Prozent opgestockt ginn.

Dat wier eng realistesch Zäitschinn, sou den Direkter Guy Entringer. Bis d'Sitzung vum Verwaltungsrot Mëtt Februar sollen alle siwen Aktionären hir Bereetschaft matgedeelt hunn, fir bei der geplangter Kapitalerhéijung matzemaachen.

D'SNHBM wëllt an Zukunft méi Wunnraum schafen. Dat wier de Grond, fir dat geplangtent Opstocke vum Kapital, erkläert den Direkter. Et wéilt ee virun allem weider an Terrainen investéieren an d'Locatiounswunnengen am grousse Stil ausbauen.

D'SNHBM ass e soziale Promoteur, deen zënter 1919 alles an allem eng 9.000 Logementer geschaaft huet. "Mir sinn en pleine expansion", seet den Direkter Guy Entringer. Vun 230 Unitéiten d'lescht Joer wéilt een 2017 iwwer 250 Unitéiten attackéieren.

D'SNHBM wier am gaangen, fir sech op d'Erausfuerderunge vun der Zukunft anzestellen, betount och de Logementsminister Marc Hansen. "Zu deenen Defie gehéiert och, datt si an der Produktioun vu Logementer nach méi solle bauen." Well de Staat Haaptaktionär wier, géif hien déi néideg Efforte maachen, fir mam Finanzminister doriwwer ze schwätzen, sou de Marc Hansen.

D'Aktionäre vun der SNHBM sinn, nieft dem Lëtzebuerger Staat, de Fong, deen d'Rentereservë geréiert, d'Spuerkeess an déi véier Gemenge Lëtzebuerg, Esch, Déifferdeng an Diddeleng.