Radioen

On air

One World  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ SLPPP: Et besteet Nohuelbedarf am Beräich vun der Psychiatrie

Santé

SLPPP: Et besteet Nohuelbedarf am Beräich vun der Psychiatrie

Am Beräich vun der Psychiatrie muss hei am Land séier eppes geschéien. Dat verlaangt d'SLPPP, d'Société luxembourgeoise de psychiatrie, pédopsychiatrie et psychothétrapie. Den neie Plan national de santé mentale géif zwar déi richteg Weeër opweisen, mee un der Ëmsetzung géif et zanter Jore feelen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


No zéng Joer, an deenen de Rapport vum Gesondheetsministère iwwer eng national Strategie publizéiert gouf, wier soss näischt geschitt wéi, datt aus Recommandatiounen Objektiver gi wieren. Dat kritiséiert d'SLPPP. Et géif awer un allen Ecken an Ennen un adequate Strukture feelen, sou den Dokter Paul Hedo, President vun der SPLLL.

"D'Erwuessepsychiatrie, d'Kanner- a Jugendpsychiatrie, déi stinn immens ënner Drock, wat Better ubelaangt, wat Delaie fir Rendezvousen ubelaangt, wat Äntwerten op spezifesch Besoinen, wat d'Urgencen ubelaangt. Do ass immens vill Drock am System. An do muss eng Strategie kommen, déi och zu engem Deel am Plan national de la santé mentale scho virginn ass. Do sti jo scho Saachen, déi solle gemaach ginn."

Et géif awer net duergoen, datt dat alles just um Pabeier géif stoen, mee et misst och relativ zäitno implementéiert ginn, esou de Paul Hedo.

Et feelt u Kompetenzen

Besonnesch an der Kanner- a Jugendpsychiatrie géif Nohuelbedarf bestoen. Hei géif et ëmmer méi zu enger Ënnerkategoriséierung vun de Kanner mat spezielle Besoine kommen, amplaz datt adequat behandelt gëtt. D'Schoulen an d'Maisons-relaise géifen ee groussen Integratiounseffort maachen, mee dat kéint keen Ersatz fir professionell Hëllef sinn.

"Wou mir mengen, datt ee Problem ass, dat ass éischtens, datt kanner-a jugendpsychiatresch Kompetenzen a ville vun deenen Domainer feelen a Kanner- a Jugendpsychiater jo awer Spezialiste si fir psychesch Krankheeten, fir psychesch Stéierungen, fir psychescht Leiden, an datt awer an deene Strukturen ee Manktem dovunner ass."

D'Societéit vun de Psychiater fuerdert weider een dezentraliséierte Secteur fir Kannerpsychiatrie baussent de Spideeler, méi Personal an de Spideeler an eng Neiorganisatioun vun de psychiatreschen Urgencë generell.