Radioen

On air

De Moien  |  Oregon Heart - You May Be Sorry

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Skepsis ronderëm den AstraZeneca-Vaccin

Niewewierkungen an Impfeffekter

Skepsis ronderëm den AstraZeneca-Vaccin

Skepsis ronderëm den Astrazeneca-Vaccin gëtt et och hei am Land. Dat weise rezent Beispiller aus den Alters- a Fleegeheemer wou eng Partie vum Personal refuséiert huet sech mam Vaccin vum britesch-schwedesche Produzent impfen ze lossen.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Maxi Pesch lauschterenplay_arrow


E Freideg den Owend eréischt hätten d'Heemer vum Gesondheetsministère matgedeelt kritt, datt hir Mataarbechter vun dëser Woch un net méi mam Pfizer/Biontech Impfstoff, mee mat AstraZeneca geimpft ginn. Doropshin hätten eng ganz Partie vun de Mataarbechter decidéiert sech net méi impfen ze loossen, erkläert d'Fabienne Steffen, Generaldirektesch vum Grupp Elisabeth. Schätzungweis zéng Prozent vun de Mataarbechter wieren ofgesprongen, wéi se héieren hätten, datt se mam AstraZeneca-Impfstoff solle geimpft ginn.

Änhlech Ausfäll goufen et op Nofro hin och beim gréissten Heembedreiwer Servior. Do wier et awer vun Haus zu Haus gewiescht. Och zu Bieles am CIPA hätt een Drëttel vun de Mataarbechter decidéiert sech net impfen ze loossen.

"Ech verstinn datt wann ee sech op de Pfizer 'gefreet huet' an dann de leschte Moment kritt e gesot dir kritt awer dee Vaccin mat de meechten Niewewirkungen. An dobai kennt, dass de Spidolssekteur, an och souguer verschidden Administrateuren do, déi si mam Pfizer geimpft ginn obwuel se manner mat Geriatrie ze dinn hu wéi d'Altersheemer. Do ass natierlech e gewëssene Frust enstaanen. Verschidde vun eise Leit hu sech du gefrot, ob se net den deuxième choix hei am Land wieren."

De Secteur hätt sech méi Informatiounen am Virfeld gewënscht

Vun deenen déi sech impfe gelooss hunn, wieren der dann e puer ausgefall, erkläert de Ben Wahl, Responsabel fir d'Soinen am Cipa Bieles. Verschiddene wier et liicht schlecht gewiescht, se wiere midd gewiescht oder hätte Féiwer gehat.

An den zwee Haiser vum Group Elisabeth wieren 10 bis 20 Prozent vun de Mataarbechter wéinst der Impfreaktioun den Dag drop net schaffe komm. Deemno hätt een op Leit missten zeréck gräifen déi zum Beispill am Congé waren, erkläert d'Fabienne Steffen. Fir d'Situatioun besser ze plangen an d'Leit besser ze preparéieren, hätt d'Regierung éischter misste kommunizéieren an net réit leschte Freideg Owend. Do si sech déi dräi Acteuren eens.

D'Generaldirektesch vum Group Elisabeth hätt et och sënnvoll fonnt, wann d'Impfunge mat AstraZeneca vun de Reaktiounen net all op engem Dag gemaach gi wieren, fir datt d'Mataarbechter och net simultan géingen ausfalen. "Mee mir eleng hunn dat jo net am Grëff, dat misst da mat der ganzer Equippe mobile vum Ministère déi sech ëm d'Impfunge këmmert organiséiert ginn."