Radioen

On air

Concert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Siwenten Hausse vun de Leetzënsen hannerteneen

Europäesch Zentralbank

Siwenten Hausse vun de Leetzënsen hannerteneen

Déi wichtegst Zënstauxe ginn ëm 0,25 Prozentpunkten erop. Dat huet d'EZB annoncéiert. Mat där Decisioun wéilt een der héijer Inflatioun entgéintwierke sot d'EZB-Cheffin Christine Lagarde.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Et ass déi siwenten Hausse vun de Leetzënsen hannerteneen. Mee d'Erhéijung, déi des Kéier bei 0,25 Prozentpunkte läit, ass hallef esou héich ewéi déi dräi Kéiere virdrun.

D'EZB formuliert ee kloert Zil

Déi europäesch Zentralbank hätt awer nach ee Wee ze maachen. Et wier net den Ament eng Paus anzeleeën, esou d'EZB-Cheffin Christine Lagarde virun der Press.

D'Zil ass et, d'Inflatioun, déi am Abrëll liicht geklommen ass a bei 7 Prozent an der Eurozon louch, ofzebremsen an op 2 Prozent d'Joer ze bréngen. D'Christine Lagarde präziséiert, datt virun Allem d'Liewensmëttel méi deier gi sinn.

"D'Inflatioun op Liewensmëttelpräisser bleift héich, mee se louch am Abrëll bei 13,6 Prozent op ee Joer gekuckt, géintiwwer enger Hausse vu 15,5 Prozent am Mäerz."

D'Kärinflatioun, also ouni d'Energie an d'Liewensmëttel, bleift och héich a louch am Abrëll bei 5,6 Prozent an ass erofgaange fir de Niveau vum Februar nees ze erreechen.

Nächst Reunioune sinn am Summer

Och bei de Servicer ass d'Präisdeierecht geklommen. Den Ukrainkrich stellt ee Risiko duer fir d'Ekonomie an d'Croissance betount d'Christine Lagarde.

"Dee russesche Krich géint d'Ukrain ass nach ëmmer ee signifikante Risiko fir déi wirtschaftlech Entwécklung. Allerdéngs gouf et eng Verbesserung an de Liwwerketten, a wann déi Tendenz sech hält, da kéint ee méi eng héich Croissance hunn ewéi bis elo erwaart."

D'Resilienz um Aarbechtsmaart kéint och d'Vertraue vun de Stéit verbesseren an de Konsum nees eropdrécken. Dat kéint och zu enger méi héijer Croissance féieren ewéi bis elo erwaart.

Déi Hausse vun de Leetzënsen ëm 0,25 Prozentpunkte wäert och een Impakt op d'Immobiliëprêten hunn. Et ass warscheinlech awer net déi eenzeg Hausse. Virum Summer sinn nach am Juni an am Juli zwou Reunioune vum EZB-Rot.