Radioen

On air

Notturno  |  Bernice - Groove Elation

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Site bei der Petite Marquise soll erhale bleiwen

Iechternach

Site bei der Petite Marquise soll erhale bleiwen

Den archeologesche Site bei der "Petite Marquise" zu Iechternach soll erhalen an nei en Valeur gesat ginn. E Méindeg huet e Grupp vun Experten zesumme mat der Kulturministerin an dem Iechternacher Buergermeeschter iwwer den aktuelle Stand informéiert. Wat genee mam Site geschitt, ass awer nach net bekannt. D'Experte soen, datt déi archeologesch Ausgruewungen op d'Zäit vum hellege Willibrord zeréck ginn, vun excellenter Qualitéit wieren an onbedéngt missten erhale ginn.

auto_stories

3 min

D'Experte ginn dovun aus, datt d'Iwwerreschter, déi bei den Ofrappaarbechte vum "Petite Marquise"-Gebai fonnt goufen, zu engem ganz bedeitende Mann aus dem 10. Joerhonnert musse gehéiert hunn, seet de Prof. Dr. Mathias Wemhoff, Direkter vun de staatleche Muséeën zu Berlin.

De komplexen Opbau vum Grondrëss, mat sechs verschiddene Raim, souwéi d'Qualitéit vun de Mauere géifen dorop hiweisen.

Donieft hätt een och Iwwerreschter vun enger Latrinn fonnt, déi e kloren Indice fir eng éischt Etage wier. Biergerlech Persoune vun dëser Zäit hätten sech esou en Haus guer net kënne leeschten, erkläert de Prof. Dr. Mathias Wemhoff:

"Es kommt eigentlich nur einer dafür als Bauherr in Frage: Siegfried. Kein anderer kann sich das leisten, so ein Gebäude neben der Abtei, wo er Laienabt und später Vogt ist, zu errichten."

De Siegfried I. gëllt jo als Grënner vu Lëtzebuerg.

Steemauere solle Patrimoine national ginn

D'Steemaueren, déi ausgegruewe goufen, wieren net nëmmen excellent erhalen, mee hätten och eng Bedeitung iwwer d'Grenze vu Lëtzebuerg ewech, sou den Direkter vun de staatleche Muséeë vu Berlin.

Och de Kulturministère wier sech der Bedeitung vun dësen Ausgruewunge bewosst a wéilt d'Steemaueren als Patrimoine national klasséieren, seet Kulturministerin Sam Tanson. Et géif een nach de positiven Avis vum Iechternacher Gemengerot ofwaarden, dee bei der nächster Gemengerotssëtzung Ufank Mee erwaart gëtt.

Fir dës Ausgruewunge beschtméiglech ze konservéieren a gläichzäiteg och dem Public zur Verfügung ze stellen, huet den Iechternacher Gemengerot eng Architektefirma aus Éisträich engagéiert, déi sech op archeologesch Site spezialiséiert huet. Bei dësem Site géif een zwou Optiounen gesinn, mengt d'Jasmin Hangartner vun der éisträichescher Architektefirma Novetus:

"Als am Realisteschsten sehen wir die Wiederverfüllung, also das Zuschütten mit Sand der Fundstelle und das Bauprojekt darüber. Oder eben einen Schutzbau, das heißt die sichtbare Integration der Fundstelle in ein Bauprojekt."

D'Ausgruewunge mat der Iechternacher Geschicht verbannen

Bei dësem sougenannte Schutzbau bleiwen d'Steemauere fir d'Ëffentlechkeet ze gesinn. Ronderëm d'Ausgruewunge kéint dann e Bauprojet realiséiert ginn. Eng Méiglechkeet wier et, dës Ausgruewunge mat der Geschicht vun Iechternach ze verbannen, seet d'Jasmin Hangartner:

"Dann könnte die Petite Marquise als Anlaufstelle dienen, als Historical hub, wo eben dieser Vermittlungsbogen zu den Themen der Stadt gespannt werden kann. Themen wären zum Beispiel der Ursprung mit Siegfried oder älteste Stadt Luxemburgs, auch die Spiritualität mit der Springprozession und allgemein die Stärkung des Kulturtourismus in Echternach."

Fir de Cyrill von Planta vun Novetus ass et wichteg, datt eng Strategie entwéckelt gëtt, "damit das erfolgreich für Echternach wird und wir alle langfristig und nachhaltig eine Fundstelle haben, die wir über Generationen präsentieren können".

An den nächste Méint solle verschidde Strategien diskutéiert ginn, fir dës Ausgruewung beschtméiglech ze konservéieren a gläichzäiteg ze presentéieren, heescht et vum Buergermeeschter Yves Wengler. Vun den 150 Interesséierten huet sech keen direkt géint eng Revaloriséierung ausgeschwat, mee verschiddener hunn hir Bedenken zur Finanzéierung vum Projet geäussert - bis ewell huet de Projet d'Gemeng schonn iwwer aacht Milliounen Euro kascht.