Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sinn d'Anti-Covid Mesuren an der Belsch illegal?

Belsch

Sinn d'Anti-Covid Mesuren an der Belsch illegal?

Zanter dem Ufank vun der sanitärer Kris virun iwwer engem Joer goufen déi meeschte Mesurë géint d'Verbreede vum Coronavirus per Dekret geholl, also ouni parlamentareschen Debat. Eng ganz Rei vu Recourse goufe scho vum Conseil d'État analyséiert. Gréisstendeels goufen d'Mesurë confirméiert, mee dës Woch huet e Bréisseler Geriicht se all als illegal deklaréiert, an dem belsche Staat 30 Deeg gi fir alles ze legaliséieren, also an e Gesetz anzeschreiwen. Georges, dat do ass jo eng gréisser Réckhand fir di Belsch Regierung. Wat ass dann de konkreten Impakt vun dësem Verdikt? Erklärunge vun eisem Belsch-Korrespondent Georges Kohnen.