Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sech fille wéi een Europa-Deputéierten

Model European Parliament

Sech fille wéi een Europa-Deputéierten

D'Europaparlament an de Lycée bréngen. Dat war vum 1. bis den 3. Februar am Lycée Aline Mayrisch méiglech. 100 Schülerinnen a Schüler aus 12 lëtzebuerger Lycéeën hu beim Model European Parliament matgemaach a konnten esou d'Roll vun Delegéierte vum Europaparlament iwwerhuelen. Och de Premier Xavier Bettel an de Vizepresident vum Europaparlament Marc Angel si fir en Austausch mat de Schüler op de Geesseknäppche komm.

auto_stories

3 min

D'Juliette Ganschow, Presidentin vum Model European Parliament, schléit mat hirem Schong ewéi mat engem Hummer op d'Riednerpult: "I hereby declare this year's national MEP-session - Open!" D'Sëtzung ass domat un. Et gi Riede gehalen an et gëtt nogelauschtert. An natierlech gëtt och geschafft.

Interessi un der Aktualitéit gëtt gestäerkt

A fënnef Komiteeën diskutéieren déi Jonk als Delegéiert iwwer een europäesche Sujet, dee si selwer erausgewielt hunn. Dozou ee vun den Organisateuren, de Paul Schumacher:

"Mir hunn am Fong am Lycée Aline Meyrisch eng Optioun "Europa", dat heescht een Optiounscours fir Schüler vun 3ème an 2ème. Déi maachen och elo alleguer hei mat. Déi sinn dann och am Cours déi, déi da soen, wat si géif interesséieren."

Um Enn hunn déi Jonk als Delegéiert vum Europaparlament Resolutiounen ausgeschafft. Déi Aarbecht soll net ëmsoss gewiescht sinn. De Paul Schumacher erkläert, datt d'Schlussresolutiounen un d'Europaparlament geschéckt ginn. Ob se do e Suivi kréien, ass net garantéiert. Mee fir d'Anne Calteux vun der Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun zu Lëtzebuerg, ass de Model European Parliament och wichteg, fir de Jonken hiren Interessi un der Aktualitéit ze stäerken:

"Mir brauchen esou Leit, déi sech bewosst sinn, wat si kënne beweegen, an déi sech och bewosst si vun hirem Matsproocherecht. Et ass wichteg, datt si déi Geleeënheet wouer huelen."

"Ee Moment, wou ee léiert, ze reflektéieren"

Der Directrice vum Lycée Aline Mayrisch, Carole Chaine no, huet ee Model European Parliament awer nach eng aner wäertvoll Funktioun:

"Wann ech lo an der Educatioun denken, ass et och ee Moment, wou ee léiert, ze reflektéieren. Wou ee léiert, d'Wuert ze ergräifen, sech auszedrécken. An dat mengen ech ginn si iwwer den MEP geleiert: Aus sech eraus ze goen, d'Wuert ze ergräifen, op Englesch. An dat fannen ech wierklech ass eng flott Erausfuerderung."

Och een Austausch mat Politiker stoung um Programm. De Premier Xavier Bettel war een dovun:

"Den Echange, déi verschidde Schoulen, déi beienee kommen, iwwer zéng Stéck. Wou hei verschidden Originne sinn, verschidden Nationalitéite sinn a se hei iwwer politesch Themen diskutéieren. Am Fong e Mini-Europa, hei selwer am Lycée Aline Mayrisch. Ech fannen dat super."

Méi ewéi just politesch Experienz sammelen

Beim Model European Parliament matzemaachen ass fir d'Schülerinnen a Schüler fräiwëlleg. De President an d'Presidentin vun der Sëtzung, Juliette Ganschow a Benedikt Strauß, ware scho véier mol dobäi. Fir d'éischte Kéier hunn si dëst Evenement presidéiert. Fir déi zwee 17 an 18 Joer al Schüler geet et hei och iwwer déi politesch Experienz eraus, erkläert d'Juliette Ganschow:

"Déi Verbannung, déi een da mat dengem Kommitee huet. Wann der dann do stitt, dir är Resolutioun presentéiert. Bon, wann se net duerchkënnt, ass een natierlech bëssen traureg. Wann se duerchkënnt, dann ass et einfach dee Stolz."

Dat selwecht gëllt och fir de Benedikt Strauß. Et wier een Evenement, op dat een sech all Joers drop freeë kann, an dat Rout ëmkreest am Kalenner géing stoen.