Et géif och gepréift ginn, ob Disziplinarprozedure géint d'Direktiounsmembere lancéiert ginn. Iwwerdeems géifen ënnert de Member-Gemengen d'Stëmmen ëmmer méi haart déi ee Récktrëtt vum zweete Vize-President Nico Jacobs fuerderen. Dat well aus den Auditten ervir geet, datt hie problematesch Decisioune mat gedroen huet.
D'lescht Woch war schonn de President vum SIGI, den Iechternacher Buergermeeschter Yves Wengler zeréck getrueden. Dat nodeems dräi Auditte massiv Mëssstänn an der Finanz- a Personalgestioun beim Syndikat festgestallt hunn.
Iwwer Mëssstänn bei deem gréisste Gemenge-Syndikat am Land ass schonn 2013 an 2017 an de Medie bericht ginn. 2021 gouf et ee Protestpiquet vum OGBL virum Sëtz vum SIGI zu Conter. Mee réischt no engem Artikel vu Reporter.lu zejoert, a vill Drock vun de Member-Gemengen, sinn dräi extern Auditte lancéiert ginn. Dës sinn alleguer katastrophal ausgefall.
Büro gesäit keng Matverantwortung
De "Bureau" vum SIGI zu deem de President an déi zwee Vize-Presidente gehéieren, kéint ee mam Schäfferot vun enger Gemeng vergläichen, heescht et um Internetsite vum Syndikat. Déi siwe Membere vum Büro, alleguer Gemengepolitiker, sinn zesummen de Verwaltungschef vum Syndikat.
Trotzdeem gesäit d'Josiane Di Bartolomeo hei keng kollektiv Responsabilitéit fir d'Mëssstänn: "Dat huet den Audit jo bewisen, datt hei awer ganz vill Saache laanscht de Büro gelaf sinn."
Josiane Di Bartolomeo: Opléisung vum SIGI net de richtege Wee
D'Josiane Di Bartolomeo ass zënter 2018 Member am Büro vum SIGI, nodeems si zu Diddeleng fir d'LSAP an de Schäfferot koum. Réischt mam Bericht vu Reporter wier hir opgefall, datt et Zweiwel un der Comptabilitéit a vill Departe beim Personal gëtt. Mee si hätt deemools den Erklärunge vum President a vum Direkter, Carlo Gambucci gegleeft.
Mat der Propos fir aus dem SIGI een Departement vum staatleche Centre de technologie CTIE ze maachen, ass d'Josiane Di Bartolomeo net averstanen. Eng méi enk Zesummenaarbecht mam Staat wier sënnvoll, mee eng Opléisung vum SIGI wier net de richtege Wee.
"Et ass keng duebel Aarbecht. Deen ee mécht d'Aarbecht um Terrain, well d'Besoinen an de Gemenge sinn anescht."
LSAP-Mandataire Kandidat fir d'Presidence vum SIGI ze iwwerhuelen
An de Prinzip vun der Gemengenautonomie wier "absolut" wichteg. Datt Gemengesyndikater an éischter Linn eng Spillwiss fir kommunalpolitesch Muechtkämpf sinn, wollt d'Josiane Di Bartolomeo esou net stoe loossen.
"An deem Aarbechtsgrupp, deen d'Auditte begleet huet, do ware Leit vun all Partei dobäi, an déi hu gutt zesumme geschafft a fir d'Saach zesumme geschafft. Ech mengen, et soll een an deem Sënn weider fueren."
De SIGI gouf mam Yves Wengler wärend 20 Joer vun engem CSV-Politiker presidéiert. Mam Dippecher Schäffe Philippe Meyers steet elo een LSAP-Politiker an de Startlächer fir eng Kandidatur als neie President.