Radioen

On air

Notturno  |  Jesca Hoop - Animal Kingdom Chaotic

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Si spiere sech elo nach méi eleng"

Corona-Kris

"Si spiere sech elo nach méi eleng"

De Laurent Fackelstein ass Paschtouer zu Bouneweg. Zanter Jore setzt hie sech zesumme mat Benevolle fir Leit op der Strooss an. D'Corona-Kris géif déi Leit nach méi ausschléissen, bedauert hien.

auto_stories

2 min

De Bäitrag vum Maxi Pesch lauschterenplay_arrow


De Besoin fir ze schwätze wier den Ament enorm grouss, erkläert de Laurent Fackelstein, deen den Drogenofhängegen zanter e puer Joer hëlelft. Déi Leit géife sech den Ament nach méi ausgeschloss spieren. E Beispill:

"Enges Owes koum ee Jong bei mech schellen. An normalerweis huelen ech se ëmmer an de Gang era well et kal ass. Mee hei hunn ech misste soen "Stop, bleif do stoen". An de Jong war erféiert. Ech hu gespuert, datt dat him wéigedoen huet, datt en net konnt erakommen. Weess de, si hunn hirem Liewen alles verluer, si hu guer näischt méi."

Doduerch, datt si alles verluer hunn, wiere si méi sensibel gi fir dat, wat wesentlech am Liewen ass, esou nach de Laurent Fackelstein.

"Mir hunn eng Damm déi baakt Wäffelcher. An du krut se d'Fro gestallt: Baakt Dir déi Wäffelcher extra fir eis? An du sot si: Jo. An du krut si als Äntwert: Mir kréien dacks just d'Rechter aus de Geschäfter, an dir maacht dat extra fir eis?"

Et feelt hinnen u Suen

Nieft dem nach méi grousse Elengsinn wier den Ament och de Manktem u Suen e Problem. Doduerch, datt momentan keng Leit méi zirkuléieren, géif och d'Heeschen näischt méi bréngen, erkläert de Bouneweger Paschtouer.

Ouni Sue kéinten d'Toxikomanen sech och keng Droge méi leeschten. D'Situatioun wier dramatesch.

"De Problem ass, et si keng Leit méi op der Strooss. Vill vun hinne bezuelen hire Konsum duerch d'Manche. Mee dat geet elo net méi, well keng Leit méi do sinn. Dat heescht vill vun hinne sinn op Entzuch a gi krank. Da geet et hinne souwuel kierperlech wéi séilesch ganz schlecht. A si kënne sech eben näischt kafen."

Normalerweis schaffe 16 bis 20 Benevolle fir d'Por zu Bouneweg. Déi meescht hätten elo awer och decidéiert eng Paus ze maachen.