Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Nation Of Language - Sightseer

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Si mir um Enn vun de Mënscherechter ukomm?

Mënschrechter

Si mir um Enn vun de Mënscherechter ukomm?

Wat solle mir den 10. Dezember feieren? Deen Dag sinn et 70 Joer hier datt zu Paräis di Universell Deklaratioun vun de Mënscherechter ënnerschriwwe gouf. Dës Mënscherechter ginn a leschter Zäit vun enger Rei Politiker a Fro gestallt. Wat solle mir also feieren? Doriwwer huet sech de Jean-Paul Lehners, Titulaire vum UNESCO Léierstull fir Mënscherechter op der Uni Lëtzebuerg a President vum ECRI, der Kommissioun géint Rassismus vum Europarot, Gedanke gemaach.

auto_stories

3 min

Jean-Paul Lehners

Den 10. Dezember sinn et 70 Joer hir, datt zu Paräis déi Universell Deklaratioun vun de Mënscherechter ënnerschriwwe gouf. Iwwerall op der Welt gëtt dësen Anniversaire gefeiert, mee et kann een sech d'Fro stellen: Wat feiere mer eigentlech? Feier mir den Ufank vun de Mënscherechter?

Dat sécherlech net, well et gi scho laang virdrun Erklärunge vu Mënscherechter, zum Beispill 1776 an Amerika. A wärend der franséischer Revolutioun, do hu mer der direkt dräi: 1789, 1793 an 1795, an net ze vergiessen d'Erklärung vum Olympe de Gouges vu 1791 iwwer d'Fraerechter.

Déi Deklaratioun vun 1948 huet en universelle Charakter. Dat kann een als nei ugesinn a bis haut hunn all Memberstaaten vun der UNO se ënnerschriwwen. Op se sech awer drun halen, dat ass - wéi mer all wëssen - eng aner Saach.

An da kann ee sech d'Fro stellen, wéi Leit dann 1948 an och an deene Joren dono des Erklärung eigentlech kannt hunn. Kënnt den Duerchbroch net eréischt vill méi spéit, zum Beispill bei der Grënnung an den éischten Aktivitéite vu Mënscherechtsmouvementer wéi Amnesty International oder Human Rights Watch?

Si mir um Enn vun de Mënscherechter ukomm?

1993 ass en anere wichtegen Datum: du gouf zu Wien decidéiert, datt et keng Hierarchie tëscht de verschiddene Kategorië vu Rechter gëtt. Leider sinn déi sozial, ekonomesch a kulturell Rechter nach ëmmer ënnerbewäert am Verglach zu den zivillen a politesche Rechter.

Wann ech mer grad an dësem Joer d'Fro stellen, wat mir feiere sollen, dann ass dat, well d'Mënscherechter méi wéi jee a Gefor sinn. Mir hunn iwwerall op der Welt Politiker, déi des Rechter net méi eescht huelen.

Si mir also um Enn vun de Mënscherechter ukomm a solle mer dat feieren? De Manfred Nowak, fréieren UNO-Rapporteur iwwert d'Folter op der Welt, huet an der Septembernummer vun der entwécklungspolitescher Zäitschrëft Südwind Magazin folgend interessant Gedankenexperiment gewot. Hie freet sech, wei eng nei Deklaratioun haut géing ausgesinn, déi vun de Memberstaaten vun der UNO géif ausgeschafft ginn.

Beispiller fir eng nei Deklaratioun vun de Mënscherechter

Hie stellt sech e Brainstorming vir tëschent den dräi mächtegsten Politiker vun der Welt, den Hären Trump, Putin an Xi Jinping. Hei e puer Beispiller, wei esou e Gespréich kéint ausgesinn:

Den Donald Trump an de Wladimir Putin si sech séier doriwwer eens, datt all Mënsch d'Recht huet, Waffen ze droen. Déi zwee zécken och net laang, d'Verbuet vun der Folter erëm ofzeschafen. D'Recht op Auswanderung an op Asyl soll natierlech direkt gestrach ginn, firwat géif e soss Mauere bauen.

Generell soll een, wann et deenen dräi no géif goen, d'Mënscherechter duerch Biergerrechter ersetzen, well et sollen nëmmen déi Leit protegéiert ginn, déi Bierger an hirem Land sinn, also keng Rechter vir Auslänner. Et soll och erlaabt ginn, e Referendum ze organiséieren, wou d'Bierger aus engem Land d'Ofschafung vun de Mënscherechter decidéiere kéinten, an och d'Ofschafung vun de Geriichter, déi sech mat Mënscherechtsverletzungen ofginn.

Och d'Recht op Privatheet oder Dateschutz wier wéinst der Terrorgefor net méi zäitgeméiss, nëmmen en onbegrenzten Iwwerwaachungsstaat géif eng wierklech Protektioun fir all anstänneg Mënsche bidden.

Et kéint een elo esou weiderfueren, an iech fale bestëmmt nach aner Beispiller an.

Meng zwou Froen haut un iech : Wat sinn da fir iech di wichtegst Mënscherechter, déi onbedéngt bäibehale misste ginn? A wat sinn dann är Virstellungen, wéi een haut eng nei Deklaratioun vun de Mënscherechter kéint schreiwen?