Radioen

On air

Tockcity  |  Vampire Weekend - Classical

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sexismus op Rieder

Fräie Mikro

Sexismus op Rieder

Sexistesch Reklammen, an deene Fraen op onkreativ a platt Aart a Weis objektivéiert a sexualiséiert ginn, sinn eigentlech éischter "out" an net méi vill unzetreffen hei am Land. Ëmsou méi irritéiert et, wann een am Stroosseverkéier domat konfrontéiert gëtt. D'Isabelle Schmoetten vum CID | Fraen an Gender setzt sech domat an engem Fräie Mikro auserneen.

auto_stories

3 min

D'Isabelle Schmoetten vum CID | Fraen an Gender. Foto: Archiv

Kommt mir spillen e Spill. Reklamme roden.

Eng Fra mat laange blonden Hoer, mat engem Body aus schwaarzem Lieder, mat déiwem Decolleté, Netzcollant a schwaarze Stiwwele bis bei d'Knéien, setzt mat wäit gespreitzte Been a mat engem grousse, laange Messer an der rietser Hand virun engem Kuch.

Ass dat eng Reklamm fir

  • a) déi nei Kollektioun vu Victoria Secret
  • b) d'Halloween Party an der Luxexpo
  • oder c) eng Lëtzebuerger Patisserie?

Richteg ass d'Äntwert c! Eng vun deene bekannte Lëtzebuerger Patisserien huet keng besser Marketingstrategie fonnt, wéi sex sells op ganz déiwem Niveau.

Ech hunn nach e Quiz!

Eng aner Fra mat laange blonden Hoer (jo pardon, totale Klischee, ëmmer d'Blondinnen) läit plakeg an eppes wéi enger geschrumpfter Bidden, mat ugewénkelten a gespreitzte Been a rosa High Heels. Doriwwer steet den Text "Schmeißen Sie ihre Alte raus".

Ass dat eng Reklamm fir

  • a) Schong
  • b) eng Partner*innevermëttlung
  • c) Plättercher a Sanitär

Jo, och hei ass c déi richteg Äntwert.

Dës intelligent, witzeg a kreativ Reklammen ginn op de Récksäiten vun enger Rëtsch Camionnetten a Liwwerween vun deenen zwou betreffenden Entreprisen duerch eist Ländche kutschéiert a féieren bei ville Leit - Frae wéi Männer - zu Onverständnis, Irritatioun an och Roserei. Vläicht well déi duergestallte Frae glat a guer näischt mat deene Produiten, fir déi sI mussen hierhalen, ze dinn hunn.

Fraen hu Respekt verdéngt

Verstitt mech net falsch. Et geet hei net drëm, datt Fraen net dierfe knapp a sexy ugedoe sinn. Mir mussen ophale Fraen fir hiert Ausgesinn, hire Kleederchoix oder hire Kierperbau ze bewäerten an ze verurteelen oder hinne virzeschreiwen, wéi si auszegesinn oder sech ze behuelen hunn.

Eng fräizügeg Domina huet grad esouvill Respekt verdéngt, wéi eng verschleiert Fra an ëmgedréit.

Awer keng vu béiden - egal ob echt oder fake - däerf als Reklamm fir iergendeng Wuer mëssbraucht ginn.

Sexismus huet näischt an enger Demokratie verluer

Reklammen, déi Fraekierper als Deko oder als Bléckfang asetzen, an dat op eng sexualiséierend an degradéierend Aart a Weis, si ganz einfach sexistesch, an hu näischt an enger demokratescher, mënscherechtsbaséierter Gesellschaft verluer.

Mol dovun ofgesinn, datt sécher net een eenzege Kuch méi verkaf a keng eenzeg Plättche méi verluecht gëtt duerch dës debil Marketing Strategie, ass sexistesch Reklamm och gesetzlech verbueden.

An dat net, well houfreg Feministinne sech duerch sexistesch Reklammen an hire Gefiller verletzt fillen, mee well et erwisen ass, datt déi heefeg Reproduktioun vun degradéierenden an anengende Geschlechterrollebiller a Klischeeën eist Ënnerbewosstsinn beaflossen a sech domat op eist Weltbild a schlussendlech op eis Handlungsspillraim auswierken. Besonnesch Kanner sinn empfänglech fir ausdrocksstaark an irritéierend Billersprooch am ëffentleche Raum.

Leit, déi schonn emol mat Kanner am Auto hanner enger vun den erwäänte Camionnettë gefuer sinn, muss ech dat sécher net erklären.

Et muss ee sech awer net nëmmen am Privaten oder hei am Radio iwwer sexistesch Reklammen iergeren. Et kann een déi entspriechend Entreprisë per Post, Mail, Telefon oder perséinlech zur Ried stellen a sech doriwwer eraus offiziell beim Publicitéitsrot beschwéieren. Well dat, wat am ëffentleche Raum geschitt, geet eis all eppes un.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.