Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Clausel - Let Me Love You (Mr. Scruff Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ SES viru strukturellen Ännerungen

Satellitebedreiwer

SES viru strukturellen Ännerungen

De Satellittebedreiwer SES wäert duebel esou vill Leit zu Betzder astellen, wéi Mataarbechter de Betrib iwwer de Plan de maintien dans l'emploi verloossen, deen am Summer mat de Personaldelegatiounen negociéiert gouf. Warscheinlech wäerte 50 Leit de Betrib zu Lëtzebuerg verloossen an 100 Leit dobäikommen, esou de CEO vun SES, Steve Collar.

auto_stories

5 min

Foto: Archiv

De Bäitrag vum Michèle Sinner lauschterenplay_arrow


D'Departe sinn op fräiwëlleger Basis, beispillsweis am Kader vu Preretraiten. Och wann SES wärend dem Confinement mat den Negociatioune fir e Sozialplang ugefaangen hat, aus deem duerno e Plan de Maintien dans l'emploi gouf, war den Ausgangspunkt net d'Covid-Kris, mee de strukturelle Changement an der Satellittebranche. De Fokus soll an Zukunft méi op der Interconnectivitéit leien, wéi op der traditioneller Iwwerdroung vun Tëleeschaînen.

Dofir bräicht een nei Kompetenzen am Betrib, déi d'Besoine vun de Cliente verstinn an déi d'Technologie kennen. "Vill Saachen, déi eis an der Vergaangenheet grouss gemaach hunn, op déi kënne mer opbauen. Mee mir brauchen nei Kapazitéiten, an dowéinst hu mer d'Diskussioune mat der Personaldelegatioun ugefaangen", esou den SES-CEO.

D'Iwwerdroe vun Tëleeschaînë mécht den Ament nach 60 Prozent vum Ëmsaz vun SES aus. D'Fourniture vun Internet per Satellit ronn 40 Prozent. Hie rechent domat, datt dës Opdeelung an Zukunft éischter 50-50 wäert sinn. Dës ugestriefte Complementaritéit wier gutt fir d'Entreprise, esou hire CEO.

Presentatioun vu konkrete Spléckungspläng Ufank November


Den zweete Bäitrag vum Michèle Sinner lauschterenplay_arrow


Ufank November misst SES d'Resultat vun der Analys iwwer eng méiglech Spléckung vum Betrib an zwee kënne presentéieren. De Steve Collar hat déi Méiglechkeet ufanks des Joer, wéi d'Resultater vun 2019 virgestallt goufen. Deemools sot hien, esou eng Spléckung géif et dem Network-Segement, als deen Deel vum Betrib, deen Internet iwwer Satellit ubitt, erlaben, fir neit Kapital vu baussen siche ze goen. D'Vertrieder vun de staatlechen Aktionären, déi riskéiere bei esou enger Transaktioun verwässert ze ginn, wieren um aktuelle Stand vun der Analys.

Mat esou enger Spléckung wéilt een dräi Ziler erreechen:

  1. Den Investisseuren eng besser Visibilitéit iwwer déi zwou Sparte ginn.
  2. Den operationelle Fokus stäerken
  3. Sech fir d'Zukunft méi strategesch Flexibilitéit ginn.

Et wier ee sech och am Viraus bewosst gewiescht, datt dat e komplizéierten Exercice géif ginn, dofir hätt ee sech och externe Rot erugezunn.

"Dofir hu mer missten soen, datt mer eis dat géifen ukucken. Mee mir sote sécher net: Mir maachen dat. Well mir hunn do vill Aarbecht ronderëm Steieren a Struktur."

Et wier ee mat der néideger Analys elo bal duerch, an de Steve Collar geet dovun aus, datt een am Kader vun der Presentatioun vun de Resultater vum drëtte Trimester éischt Detailer kéint presentéieren.

Lineaart Tëleesgeschäft gouf duerch d'Pandemie gestäerkt

Wärend der Pandemie gouf et esouguer nees méi Interêt fir der SES hiert traditionellt Geschäft, nämlech d'Iwwerdroe vun Tëleeschaînen.

"D'Pandemie huet bewierkt, datt den Interêt u linearen Noriichtesendungen an d'Luucht gaangen ass. Mir hu gemierkt, datt besonnesch jonk Leit nees Tëleesnoriichte gekuckt hunn an Tëleesnoriichten ass natierlech e gudden Deel vun eisem Geschäft an deem vun eise Clienten. Dat ass also e staarkt a widderstandsfäegt Geschäft."

Dat anert Geschäftssegment vun der SES, dat iwwer déi lescht Joren opgebaut gouf, ass den Internet iwwer Satellit, net direkt un d'Ennclientë mee un d'Internetprovider. Zum Beispill fir isoléiert Géigenden, wou et keng Glasfaser gëtt, mee virun allem och fir Wifi op Passagéiervollen a Croisièresschëffer unzebidden.

"Covid-19-Effekt" an de Bilane vum zweeten Trimester

Wa manner Croisièresschëffer um Mier ënnerwee sinn a manner Fligeren an der Loft, dann hätt dat och en Impakt op deen Deel vun den Aktivitéite vun SES. Am éischten Trimester hätt een nach net esou vill vun deem Effekt gesinn, well déi Kontrakter typescherweis iwwer laang Zäitraim lafen. De Steve Collar rechent awer am zweeten Trimester mat engem "Covid-19-Effekt".

"Et ass schwéier fir eis fir bezuelt ze ginn, wa si net bezuelt ginn. Dofir wäerte mer e gewësse Covid-19-Effet am zweete Semester hunn."

Domat ass den Trend vun de leschte Joren e bësse gebremst, an deenen d'Revenuen aus dem Tëleesgeschäft net méi esou staark gewuess sinn - well d'Leit ëmmer méi Streaming Servicer kucken.

"Zwou staark komplementär Sparten"

"De Moment mécht Video ongeféier 60 Prozent vun eisem Geschäft aus an den Internet 40 Prozent. Mee wa mer no vir kucken, mengen ech, datt et éischter 50-50 ass. An dat ass gutt als Betrib, zwou staark Sparten ze hunn, déi komplementar sinn."

De Steve Collar mengt awer net, datt dat laangfristeg unhält. D'Tourismusbranche, seet hien, géif sech vill Méi ginn, fir nees Leit u Bord vu Schëffer a Fliger ze kréien. Trotzdeem geet de CEO dovun aus, datt ee misst op e Vaccin waarden an da lues a lues nees aus dëser Kris erauszekommen. Konkret rechent de Steve Collar mat sechs bis zwielef Méint.

Dat wier awer am Satellittegesellschaft eng relativ kuerz Period. A parallel dozou wier de Besoin fir Internetkapazitéiten op aner Plazen immens an d'Luucht gaangen.

D'Demande no fixe Reseauen ass geklommen

Op d'Geschäfter vun der SES géif et sech doriwwer eraus positiv auswierken, datt d'Demande no fixe Reseaue geklommen ass.

"Fir Kanner, déi sech iwwer Internet mat der Schoul connectéieren. Fir Leit, déi am Home-Office schaffen an dat huet zu enger vill méi grousser Demande fir déi Zort vu Connectivitéit geféiert, déi mir an Entwécklungslänner liwweren."

SES huet säin Investitiounsplang wéinst der Coronavirus-Pandemie liicht ugepasst. De Lancement vu verschiddene geostationäre Satellitten ass geréckelt oder annuléiert ginn. Amplaz soll d'Flott vu "medium earth oribt Satelliten", déi Internetservicer mat enger niddreger Latenz ubidden, ëmsou méi ausgebaut ginn.