Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Service public an den audiovisuelle Medien

Consultatiounsdebatt

Service public an den audiovisuelle Medien

An der Chamber ginn d'Preparatioune fir d'Consultatiounsdebatt iwwer de Service public an de Medie virun. D'Vertrieder vum Etablissement de Radiodiffusion socioculturelle, also dem radio 100,7, ware bei den Deputéierte fir ze erklären, wéi si sech d'Zukunft vun dësem Radio virstellen.

auto_stories

4 min

D'Kärfuerderung vum radio 100,7: en eegent Gesetz

D'Kärfuerderung vum radio 100,7 ass en eegent Gesetz, dat de radio 100,7 als ëffentlech-rechtleche Radio verankert, dee fir d'Basisversuergung vun der ganzer Bevëlkerung zoustänneg ass. Dëst Gesetz soll d'Sécherheet an déi institutionell Autonomie vum Radio op laang Siicht garantéieren, seet d'Véronique Faber, Presidentin vum Verwaltungsrot.

Am Gesetz sollen Elementer vun der Gouvernance dra sinn an et misste "Méiglechkeete sinn, datt mir eis kënne weiderentwéckelen". Et hätt ee vill iwwer d'Digitaliséierung geschwat an iwwer Efforten, wéi ee méi Nolauschterer kréien an abezéie kéint. De Finanzement vum Radio wier och een Deel, deen am Gesetz sollt verankert sinn.

Nominatioun vu Conseilsmembere vum Verwaltungsrot

Fir d'Onofhängegkeet vun der Politik ze séchere schléit de Radio vir, kloer Profiller fir d'Conseilsmemberen ze elaboréieren an d'Initiativ fir nei Nominatiounen am Conseil ze loossen, och wann d'Nominatioun selwer duerch d'Regierung geschitt.

Beim David Wagner vun déi Lénk ass dës Propos gutt ukomm, hie selwer wéilt als Deputéierten net missen decidéieren, wien am Conseil dran ass. "Dat, wat proposéiert gouf, wat u sech eng perpetuell Autogeneréierung vum Conseil wier, ass u sech eng ganz spannend Saach", seet den David Wagner.

Neutralitéit garantéieren

De Claude Wiseler vun der CSV notéiert, datt d'Propose vun der Gouvernance géife garantéieren, datt eng Neutralitéit do wier. "Neutralitéit schaaft Vertrauen an dat ass fir mech wichteg."

Och fir de Marc Goergen vun de Piraten ass d'Neutralitéit vum Radio ganz wichteg. Hie mengt, datt der grénger Regierungspartei de Contenu vun den Noriichte gefale géif.

"Dat ass fir mech ëmmer en Indiz, wann eng Regierung seet, datt d'News hinne gefalen, datt se vläicht net ëmmer politesch esou neutral a kritesch waren, wéi se sollte sinn. Deementspriechend begréisse mir all Schrëtt, deen an eng politesch Neutralitéit geet."

D'Djuna Bernard vun déi gréng seet, de Kader, dee viru bal 30 Joer fir de Radio en place gesat gouf, géif der Situatioun vun haut net méi gerecht ginn.

"An deem Sënn ass d'Fuerderung fir e gesetzleche Kader duerchaus legitim, dee méi kloer ofséchert, wéi dee Service public soll funktionéieren, wat de Kader an d'Missioun ass an dann duerno mat Contenu ze fëllen, dee verschidde Bevëlkerungsgruppen a verschidden Altersgruppen uschwätzt. Dat erschéngt mir ganz wichteg."

Den Nolauschterer mat abannen

De Radio proposéiert e Publikumsconseil, dee mindestens all zwee Joer zesummekënnt, fir Feedback iwwer d'Programmer ze ginn. E groussen Effort, fënnt de Claude Wiseler, fir erauszefannen, wat vum Radio erwaart gëtt, wat d'Besoine sinn a fir sech dono ze riichten. De permanenten Audit vum Nolauschterer fënnt den CSV-Deputéierten "extrem wichteg".

De Georges Engel vun der LSAP begréisst, datt de Radio sech op den technologesche Wandel wëllt preparéieren. Hautdesdaags géif Radio net méi esou gelauschtert ginn, wéi dat fréier de Fall war, mee et géif vill méi op Multimediaplattformen zeréckgegraff ginn. Als Beispiller nennt de Georges Engel Podcasten oder Stream.

Ambitiéis, mee "eng Normalitéit"

Vill Kritik un de Fuerderungen haten d'Deputéiert net, seet d'Véronique Faber. D'Haaptfroe wieren éischter gewiescht, wéi de Radio dat erreeche wëllt "an ob mir dat wierklech kënne bewierkstellegen." Et wier een awer zimmlech selbstbewosst, an dofir géif ee fir méi Moyenen an Ënnerstëtzung vun de verschiddene Parteie froen.

Den David Wagner hält fest, datt dat, wat presentéiert gouf, engersäits zwar ambitiéis wier, mee anerersäits wier et "eng Normalitéit". Den Deputéierte vun déi Lénk fënnt et "e bësse komesch, datt een am Joer 2020 muss zu Lëtzebuerg iwwer de Service public an audiovisuell Medie schwätzen". Dat misst, senger Meenung no, scho längst an dëser Form, sou wéi et presentéiert gouf, an de grousse Linnen existéieren.