Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Serie: "Een Dag am Wahlkampf"

Chamberwahlen 2018

Serie: "Een Dag am Wahlkampf"

An eiser Serie "Een Dag am Wahlkampf" begleede mir d'Spëtzekandidate fir d'Chamberwahlen een Dag an hirem perséinleche Wahlkampf. An dësem Artikel fannt Dir all Episod op ee Bléck.

auto_stories

3 min


A knapp engem Mount si Chamberwahlen. Eng Partei, déi dës Kéier fir d'éischt dobäi ass, sinn déi Konservativ. Mat just enger Lëscht am Süden wëllt hire Spëtzekandidat Joe Thein, dee virdrun an der ADR war, et an d'Chamber packen. Mir hunn de Joe Thein e ganzen Dag begleet, fir méi iwwer hie gewuer ze ginn.

Een Dag mam Joe Thein


Nom Fiasko mat de Kandidatelëschte mécht déi nei Biergerinitiativ Demokratie elo awer bei de Wahle mat. Mir hunn d'Sonja Holper, Spëtzekandidatin vun Demokratie am Zentrum, een Dag laang begleet. E Portrait vum Pierre Reyland.

Een Dag mat der Sonja Holper


Dem Xavier Bettel seng Wahlcampagne leeft op Héichtouren. Nieft Interviewen a Pressekonferenzen geet hien och senger 'normaler' Aarbecht als Regierungschef no. De Pierre Reyland huet hien op esou engem Dag begleet.

Een Dag mam Xavier Bettel


Mat 29 Joer huet de Sven Clement eng Partei an dräi Entreprisë gegrënnt. Hie geet selbstbewosst a gutt gelaunt an d'Wahlen. D'Fanny Kinsch war een Dag mam Spëtzekandidat, President a Matgrënner vun der Piratepartei ënnerwee.

Een Dag mam Sven Clement


Etienne Schneider: 47 Joer al, Vize-Premier, Spëtzekandidat vun der LSAP mat der Ambitioun Premier ze ginn. Trotz ongënschtege Sondagë fir seng Partei, gëtt hie sech zouversiichtlech a kämpferesch.

Een Dag mam Etienne Schneider


"Ech si kee Politiker", seet den David Wagner iwwer sech selwer, mee e Militant. Hie wier bereet, politesch Mandater unzehuelen, d'Politik wier fir hien awer keng berufflech Carrière.

Een Dag mam David Wagner


Den CSV-Fraktiounschef, fréiere Minister a fréiere Schäffe Claude Wiseler wëll de Xavier Bettel als Premier ofléisen. De Serge Kesseler huet den CSV-Spëtzekandidat een Dag am Wahlkampf begleet.

Een Dag mam Claude Wiseler


Impulser ginn, Weeër opweisen a Situatiounen entschäerfen. Dat ass eegenen Aussoen no de Rôle vun der Ëmweltministesch. D'Maxi Pesch huet d'Carole Dieschbourg een Dag laang begleet. Tëschent Biergerinitiativen, Klimaschutz a Wahlkampf.

Een Dag mat der Carole Dieschbourg


De Spëtzekandidat fir d'ADR am Süden ass zanter bal 30 Joer an der Chamber. Dëst Joer wëllt hien et erëm wëssen an ass Spëtzekandidat fir d'ADR am Süden. Mir hunn een Dag laang begleet.

Een Dag mam Gast Gibéryen