Et geet awer och drëms ze weisen, datt zum Beispill verschidde Länner um afrikanesche Kontinent wéinst anere Pandemien eng praktesch Erfarung gesammelt hunn iwwer den Traçage vun de Kontaktpersounen an der Informatioun vun der Populatioun.
"Si ware besser op dës Pandemie virbereet wéi eis westlech Länner", betount d'Chantal Winandy, zoustänneg fir d'Bildungs- an Sensibiliséierungsaarbecht bei der ONG Kindernothilfe Luxembourg.
Impakt vun eisem Verhalen op aner Länner weisen
Bei der Sensibiliséierungs- a Bildungsaarbecht gëtt den Impakt vum Liewensstil an dem Konsumverhalen op aner Länner gewisen, esou d'Chantal Winandy.
"Mir weisen dat, well mer iwwerzeegt sinn, datt een d'Situatioun op der Welt ka verbesseren, wann d'Leit verstinn, wou de Problem läit, a wéi ee kann handelen. Mir baséieren eis op d'Agenda 2030, der Strategie vun de Vereenten Natiounen mat 17 Nohaltegkeetsziler. Mir weisen an eisen Ateliere fir de Grand Public oder an de Schoulen, datt mir déi Ziler kënnen erreechen, wa mer alleguer zesummeschaffen. All Eenzele misst deen Ament säi Verhalen änneren, och d'Politik an d'Wirtschaft misste mat an déi nämmlecht Richtung zéien.
Pandemie huet Kreativitéit vun den ONGDe gefërdert
Wärend der Pandemie konnt déi Sensibiliséierungscampagne an de Schoulen net weidergeféiert ginn, seet d'Chantal Winandy.
"Fir eis war et am Ufank net ganz aneschters wéi bei anere Leit och, mir sinn doheem bliwwen. Fir eis huet dat awer och bedeit, datt mir net méi konnten an d'Schoule goen, an datt grouss Eventer annuléiert goufen. Mir hunn déi Zäit genotzt fir ze iwwerleeën, wéi mer an Zukunft wëllen zesummeschaffen. Mir hunn och probéiert eis Aktivitéiten un déi aktuell Situatioun unzepassen."
Fir d'Schoule goufen Online-Atelieren a Sensibiliséierungsaktiounen iwwer Internet lancéiert, wéi ee Video an och de Cinéma du sud, mat enger Summer Edition iwwer d'Netz.
Sech un d'Schoulen upassen
Fir d'Rentrée wier et méi schwiereg, well een net wéisst, wéi et mam Virus weidergeet, seet d'Chantal Winandy.
"Do hu mer d'Konzept vun de Coursen ëmgeännert, fir datt mer no der Rentrée mat engem Sécherheetsofstand tëschent de Schüler a Schülerinnen de Programm kënne weiderféieren. Dat geschitt ënner der Form vum Stationenlernen, iwwer d'Digitaliséierung wéi d'Diffusioun vum Cinéma du sud an engem Video vun 13 ONGDen. Mir sinn eis awer och bewosst, datt d'Digitaliséierung problematesch bleift.
An deem Sënn géif een och mat de Schüler Theemen opgräife wéi d'Sécherheet um Netz, d'Ëmwelt an d'Material, dat genotzt gëtt fir Computer ze bauen.
Aner Projete sinn d'Hierschteditioun vum Cinéma du sud an de Jugendfestival on stage, Ouni d'Transition days ze vergiessen.