D'Leit musse sech also net méi op eenzel Waardelëschte vu verschiddenen Acteuren androe loossen, mee dat ganzt gëtt zentraliséiert. Wann dann eng Wunneng fräi gëtt, soll deen, dee se verlount, 60 méiglech Locatairen aus deem Regëster proposéiert kréien, déi bestëmmte Krittären erfëllen. D'Héicht vum Loyer soll dann en fonction vum sougenannten taux d'effort festgesat ginn, erkläert déi gréng Deputéiert Semiray Ahmedova.
Enner Taux d'effort versteet een de Prozentsaz vum Akommes, deen e Stot muss ausginn, fir ze wunnen. Dee soll, bei abordabele Wunnengen, an Zukunft net iwwer 35 Prozent däerfe klammen.
"Bis elo war et esou, datt mer Seuilen haten: Wann s du een Euro méi wéi dee Seuil verdéngt hues, wars de net méi eligibel. Elo gëtt à la tête du client gekuckt. Dat heescht de Ministère kuckt de Paiziedel, an dovu soll een tëscht 10 a 35 Prozent fir seng Wunneng musse bezuelen. An net méi."
Zil wier et, datt de Locataire nach wéinstens zwee Drëttel vu sengem Akommes iwwreg behält.
An engem weidere Volet géif gekuckt ginn, wéi urgent de Besoin vun enger Wunneng ass. Do géif haaptsächlech déi geografesch Situatioun gekuckt ginn. "An do hunn d'Gemengen eben e Matsproochrecht. Wou schaffen déi och? Wou ginn d'Kanner an d'Schoul? Wat ass den Taux d'effort, deen de Menage muss maachen?" An och d'Kompositioun vum Menage, sou d'Semiray Ahmedova.