Radioen

On air

Tockcity  |  Kneecap - H.O.O.D (2025 Mix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sëll kritt en neie Schäfferot

Gemengewalen

Sëll kritt en neie Schäfferot

Zu Sëll heescht de neie Buergermeeschter Gérard Zoller. Déi drëtt gewielte Jo Clausse ass net méi am neie Schäfferot mat dobäi. De Gérard Zoller argumentéiert dës Decisioun domat, datt et verschidde Wal-Flyere gouf.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Fir d'Jo Clausse hat dat awer net bedeit, net oppe gewiescht ze sinn, och mat den aneren zesummeschaffen. Dat hätt si och bei enger perséinlech Aussprooch mam Gérard Zoller betount.

Op de sozialen Netzwierker huet d'Jo Clausse sech enttäuscht doriwwer gewisen, datt si net fir de Schäfferot consideréiert gouf an net hätt dierfe matschwätzen. Si ass d'Duechter vum fréiere Buergermeeschter Raoul Clausse, deen 2018 verstuerwen ass.

D'Jo Clausse fënnt et schued, wéi d'Decisioun um Walowend getraff gouf.

"Sonndes Owes krute mir alleguerten eng SMS, wéi dee ganze Schäfferot elo géif ausgesinn. An ech hunn awer gesot, datt ech am léifste wëll, datt mir eis nach eemol gesi fir dat ze beschwätzen. An datt ech mat där Decisioun awer net d'accord wier."

Et goufe verschidde Wal-Flyer

Op eis Nofro hin huet den éischtgewielten an neie Buergermeeschter Gérard Zoller argumentéiert, datt et verschidde Wal-Flyere gouf. Et gouf ee Wal-Flyer, op deem 7 Persoune vertruede waren - dorënner d'Jo Clausse an de fréiere Schäfferot. Déi aner 7 Kandidaten, dorënner den neie Buergermeeschter Gérard Zoller an déi zwee nei Schäffen Leo Lutgen an Tom Staus, waren op individuelle Flyeren ze gesinn. Fir d'Jo Clausse hat dat awer net bedeit, net oppe gewiescht ze sinn, och mat den aneren zesummeschaffen.

"Dat war ee Punkt fir hien, well hien einfach geduecht huet ech wier méi op der Säit vum Här Konsbrück a manner neutral, soe mir mol sou."

Bei enger perséinlecher Aussprooch mam Gérard Zoller hätt d'Jo Clausse sech och bereet erkläert, mat him zesummen ze schaffen.

Déi 7 Persounen op den individuelle Flyeren hätten zesummen iwwer d'Hallschent vun de Stëmme kritt, huet de Gérard Zoller op eis Nofro hin nach géigenargumentéiert.

Elo géif ee sech awer mat der Situatioun zefridde weisen a wier prett, déi nächst sechs Joer beschtméiglechst zesummeschaffen, huet et nach vu béide Säite geheescht.