Radioen

On air

Tockcity  |  Leap - Exit Signs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Selbstbestëmmt Gebuert

Gesondheet

Selbstbestëmmt Gebuert

Lëtzebuerg ass ee vun de wéinegen europäesche Länner, wou et kee Gebuertshaus gëtt. Fënnef Fraen hunn eng ASBL gegrënnt mam Zil eng Struktur ze kréie fir Kanner ouni d'Presenz vun Dokteren op d'Welt ze bréngen.

auto_stories

3 min

An engem Gebuertshaus sinn et, anescht wéi an der Klinik, Hiewannen, déi fir den Accouchement responsabel sinn, dat vun Ufank bis zum Schluss, erkläert d'Laure Baumann, fräiberufflech Hiewan a Matgrënnerin vun der ASBL "Gebuertshaus Lëtzebuerg".

Eng Plaz mat méi Zäit a Selbstbestëmmung

D'Selbstbestëmmung vun de Frae stéing am Gebuertshaus am Mëttelpunkt. Genau dat huet d'Françoise dozou beweegt, hiert d'drëtt Kand zu Merzig am Gebuertshaus op d'Welt ze bréngen:

"D'Luucht war scho gedimmt, et war e ganz angeneeme Geroch do (...) Hatt huet mech och kuerz ënnersicht a mech gefrot, ob ech dat wëll. An du konnt ech mir och meng Positioun eraussichen. An der Maternité do kënns de éischter un, da wëlle si hir Checklëscht ofgoen, mat Katheeter a reegelméissege Kontrollen."

Dat géif awer net heeschen, datt een net och an der Maternité eng schéi Gebuert kéint hunn, erkläert d'Françoise: och do kéint een eng selbstbestëmmt Gebuert hunn. Allerdéngs hätt een do, wéinst dem Manktem u Personal an den administrativen Aarbechte manner Zäit pro Fra.

Am Gebuertshaus hätten d'Fraen dacks eng zwee zu eent Betreiung. Merzig wier dat noosten Gebuertshaus vu Lëtzebuerg ewech, zielt d'Laure Baumann. Do géifen an der Moyenne zwou Fraen de Mount accouchéieren; d'Gebuertshaus géing awer och eng Partie Frae refuséieren, well se net genuch Kapazitéiten hätten.

Zil: Unerkennung als extrahospitalier Struktur

Och d'Laura krut hiert Kand am Gebuertshaus zu Merzig. Fir hiert éischt Kand hätt si sech net kéinte virstellen an der Maternité ze accouchéieren. Dat wier hir alles ze medezinesch. Trotzdeem huet si sech e Gebuertshaus gesicht, wou eng Klinik no bäi wier "am Fall wou".

Och fir déi Lëtzebuerger ASBL soll d'Gebuertshaus no bei enger Klinik sinn esou d'Laure Baumann. Si wieren amgaangen un hire Leitlinnen an um Sécherheetskonzept ze schaffen. Et wéilt een net vun der Klinik ofhänken, mee "d'Zesummenaarbecht muss awer do sinn".

D'Grënnung vun enger ASBL wier den éischte Schratt fir d'Iddi vun engem Gebuertshaus ze konkretiséieren. Den Ament wieren am Comité 3 Hiewannen, eng Psychotherapeutin an eng Juristin. Deen nächste Schrëtt wier et, d'Politik domadder ze konfrontéieren, mam Zil, als extrahospitalier Struktur unerkannt ze ginn:

"Mir hunn elo mol Madame Lenert informéiert, datt mir eis gegrënnt hunn, mir géife gären eng Entrevue mat hier hunn fir ze kucke wat ass méiglech um politeschen Niveau, well mir jo kee Gesetz hunn wat d'Gebuertshaus sou definéiert."

Als fräiberufflech Hiewan hu si en Tarif fir eng gebuert baussent der Klinik ze begleeden, dat "beinhalt awer keng Betribskäschte vun engem Gebuertshaus", esou d'Laure Baumann.

Wéi bei deene meeschte Saache sinn och hei haaptsächlech d'Suen dee gréisste Challenge.

Déi fënnef Grënnungsmembere géifen sech souwuel hei am Land un änleche Strukture wéi och un auslännesche Gebuertshaiser inspiréieren. Den Ament géif d'ASBL un engem Businessplang schaffen a kucke wéi vill Käschten op si duerkommen. D'Organisatioun zielt den Ament 10 Memberen.