Ee Paradebeispill vun (Net)Gewaltentrennung
Et ass onverständlech, wéi et an enger Demokratie vollkomme legal méiglech ass, datt eng hallef Dose Leit d'Liewe vu Millioune Mënsche kënnen op d'Kopp geheien. De Supreme Court vun den USA besteet aus néng Riichter a Riichterinnen, déi vum President nominéiert a vum Senat confirméiert ginn.
Gewaltentrennung: wat war dat scho méi? Am Moment si sechs vun deenen néng Riichter a Riichterinnen dem konservativen, republikanesche Bord zouzerechnen, an dräi deem méi liberalen demokrateschen. Déi lescht sechs, déi vun de Presidenten Obama, Trump a Biden genannt goufen, si knapp iwwer 50.
Wann ee weess, datt dat Amt liewenslänglech ass, gesäit een, datt e President och no sengem Récktrëtt d'amerikanesch d'Gesellschaft nach laang beaflosse kann. Duerch d'Ernennung vun dräi Riichter wäert dem Donald Trump säin Afloss nach laang nowierken.
Ofdreiwung, 'Affirmative Action', LGTBQ+, Studentescholden
Virun engem Joer huet de Supreme Court d'Recht op Ofdreiwung gekippt. Ee Recht, mat deem 61 Prozent vun den Amerikaner averstane sinn.
D'lescht Woch huet en der Politik vun 'affirmative action' op den Héichschoulen een Enn gesat. Duerch dës Politik hunn d'Universitéite verhältnisméisseg méi Schwaarz Studenten zougelooss, fir eng gréisst méiglecher Zuel vun hinnen den Zougang zu enger akademescher Bildung ze erméiglechen. Dogéint hate Studente mat asiatesche Wuerzele geklot a Recht kritt. Domat gouf d''affirmative action' an de ganzen USA opgehuewen, obschon 63 Prozent vun den Amerikaner mat deem Prinzip d'accord sinn.
Leschte Freideg huet et dunn d'LGTBQ+ Gemeinschaft getraff. Dat, nodeems ee Geschäftsmann Recht krut, dee keng Leit wollt astellen, déi mat engem gläichgeschlechtleche Partner bestuet sinn. Dobäi sinn 71 Prozent vun den Amerikaner der Meenung, datt gläichgeschlechtlech Mariagen déi selwecht Rechter sollen hu wéi déi aner.
De President Biden hat envisagéiert, den Unisstudenten en Deel vun deene Scholden ze erloossen, déi vill vun hinne mussen op sech lueden, fir iwwerhaapt kënnen ze studéieren. Leschte Freideg sot de Supreme Court mat sechs zu dräi Stëmmen nee. Dëse Refus betrëfft 40 Milliounen Amerikaner.
Ee Risiko fir d'Demokratie
Mat dëse Mesurë setze sechs Riichter a Riichterinne Gesetzer a Gewunnechten ausser Kraaft, déi zum Deel säit Joerzéngten d'Liewen an d'Gesellschaft an den USA gepräägt hunn a mat deene grouss Majoritéiten averstane sinn.
D'Caroline Fredrickson, Professer fir Droit op der Georgetown University sot: "De Supreme Court ass esou lassgekoppelt vun der Meenung an de Wënsch vun den Amerikaner an onsem Verständnis vun der Verfassung, datt e riskéiert, der Demokratie dauerhaft ze schueden".
De Montesquieu hat sech schonn eppes geduecht bei der Gewaltentrennung.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.