Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sécherheetslacunen op chamber.lu

#ChamberLeak

Sécherheetslacunen op chamber.lu

Um Internetsite vun der Chamber ware bis e Mëttwoch den Owend eng ganz Partie intern a sensibel Dokumenter net adequat geséchert. Duerch d'Editéiere vu Weblinken konnten déi vertraulech Informatioune mat engem normale Webbrowser ofgeruff ginn. Dat weise Recherchë vum radio 100,7.

auto_stories

2 min

Et ass duer gaangen, einfach Weblinken op de Chambersite no engem bestëmmte System z'editéieren, fir op eng ganz Rei Chamber-Dokumenter ze stoussen, déi zum Deel net fir d'Ëffentlechkeet geduecht sinn. Recherchë vum radio 100,7 no waren iwwert dee Wee Dausende vun Dokumenter accessibel. Vun deenen déi de radio 100,7 um Chambersite consultéiere konnt, sinn ënnert anerem provisoresch Rapporte vun der Geheimdéngschtkontrollkommissioun, Autorisatioune fir budgetär Augmentatioune vum SREL oder intern Notte fir d'Visitte vun auslännesche Gäscht ze preparéieren.

A verschiddene Fäll gouf doduerch d'Privatsphär vu Bierger oder déi vu Chamber-Mataarbechter net respektéiert.

Cybersécherheet engem Rapport no Thema

Et waren och Personalugeleeënheeten ënnert den Dokumenter. Et konnt een dora liesen, datt verschidden Deputéiert net woussten, datt fir hir Indemnitéite vum Congé politique musse Sozialcotisatioune bezuelt ginn, oder wéi eng Leit rezent an der Chamber fir fräi Poste kandidéiert hunn. Et waren och Fäll vu Bierger drënner, déi sech mat perséinlechen Ugeleeënheeten un d'Chamber adresséiert hunn.

Aus engem interne Rapport ass och ervirgaangen, datt d'Membere vum Chamberbureau Enn 2017 iwwer d'Sécherheet vum informatesche System vun der Chamber diskutéiert hunn. En Deputéierten huet déi Responsabel vum zoustännegen Zerwiss gefrot, wéi d'Chamber am Fall vun enger Hackerattack reagéiere géif. An deem Fall géif et eng immédiat Reaktioun ginn, esou d'Äntwert am Rapport, deen eis virläit. D'Chamber géif och mam staatlechen Zerwiss Govcert a mat private Firmen zesummeschaffen, fir d'Sécherheet ze garantéieren. Donieft géife regelméisseg Kontrolle gemaach ginn.

Chamberpresident iwwerrascht a besuergt

D'Gefor koum an dësem Fall awer net vu baussen, mä vu bannen. Fir un déi vertraulech an intern Rapporten ze kommen, huet een d'Chamber net missten hacken, mä just d'Linken am Webbrowser editéieren. An dat konnt bis e Mëttwoch den Owend jiddereen, ouni technesch Hëllefsmëttel. Den Zougank vu baussen op déi intern Dokumenter war deemno net blockéiert.

De Chamberspresident sot am 100,7-Interview, datt sou Pannen net ze toleréiere wieren a mat alle Konsequenzen opgekläert géife ginn, grad wéi Mëssbräich. De Mars Di Bartolomeo hätt ausserdeem d'Fraktiounscheffe kontaktéiert, fir si opzeklären. Et géif een elo alles dru setzen, fir déi Pann ze behiewen.

Den Accès zu all den Dokumenter op Chamber.lu gouf e Mëttwoch den Owend vun den zoustännegen Zerwisser blockéiert. Och déi ëffentlech Dokumenter, wéi zum Beispill Gesetzesprojeten, si bis op Weideres net méi accessibel.


Lauschterenplay_arrow

Reaktioun Mars Di Bartolomeoplay_arrow