Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  J. Bernardt - Taxi

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sécherheetskonferenz: wéi vereent sinn d'Nato-Partner?

Ukrain-Konflikt

Sécherheetskonferenz: wéi vereent sinn d'Nato-Partner?

De Weekend war zu München déi bekannte Sécherheetskonferenz, bei där dës Kéier natierlech d'Situatioun an an ëm d'Ukrain am Fokus stoung. D'Nato-Partner hate kloer Messagë fir de russesche President Putin, an awer dierft dësen net all ze beandrockt sinn, mengt eise Korrespondent Max Tholl a senger Chronik.

auto_stories

3 min

Direkt um éischten Dag hat d'Sécherheetskonferenz zu München hiren éischte Skandal: eng Foto vun engem Mëttegiessen vu wichtegen Wirtschaftsvirstänn an ënnert den 30 Persounen keng eenzeg Fra. Wéinst der berechtegter Kritik war et de meeschten Hären op dem Bild wuel ganz Recht, datt dësen Opreeger relativ séier vergiess war, schliisslech goung et bei der Konferenz ëm net manner wéi de Fridden an Europa. De Bundeskanzler Olaf Scholz a seng Ausseministesch Annalena Baerbock waren natierlech do, genee wéi och den ukraineschen President Wolodymyr Selenskyj an d'amerikanesch Vizepresidentin Kamala Harris.
Vu russescher Säit gouf et awer schonn am Virfeld eng Ofso mat der Begrënnung, datt een d'Objektivitéit hei vermësse géif. Also gouf vill iwwer, awer net mat Russland geschwat. D'Kamala Harris sot et géif e Skript fir déi russesch Aggressioune ginn, et wier een op alles gefaast. Truppen, sou d'Harris, géingen zwar keng an d'Ukrain geschéckt ginn, mee et géif een all Meter vum Nato-Territoire verdeedegen.

De Vladimir Putin wäert net beandrockt sinn

Dat dierft net déi Äntwert gewiescht sinn, déi sech den Wolodymyr Selenskyj erhofft hat. "D'Welt muss handelen, net d'Ukrain", sot hien a senger Ried an huet nees un d'Nato-Länner appelléiert, konkret Hëllef amplaz reng Solidaritéitserklärungen ze leeschten. Et bréicht een kéng oppen Dieren vun der Nato, mee kloer Äntwerten. Déi konnt oder wollt awer keen him ginn. Och net den Olaf Scholz, deen nees seng üblech diplomatesch Haltung ageholl huet: Dialog mat Russland wier ëmmer nach méiglech, mee am Fall vu weideren Aggressiounen misst d'Land sech op politesch, wirtschaftlech an geostrategesch Konsequenzen astellen. Datt de Bundeskanzler awer refuséiert d'Gaspipeline Nord Stream 2 ze nennen oder Waffen an d'Ukrain ze liwweren an en Nato-Bäitrëtt vum Land aktuell ausschléisst, dierft dës Zocker-Peitsch-Taktik an den Aen vum Wladimir Putin net onbedéngt méi respektafléissend oder ofschreckend maachen.

Den Drock op de Bundeskanzler ass erhéicht ginn

Au contraire, och bei der Sécherheetskonferenz ass den Drock op den Bundeskanzler nach eemol erhéicht ginn. Et soll net den Androck entstoen, datt een am Bündnis net um selwechte Strang zitt. Ëmmerhin war et jo an de leschten Joren net gutt ëm d'Nato bestallt. Dem Joe Biden säin Virgänger war bekanntlech keen zouverlässegen transatlanteschen Partner an och den Emmanuel Macron hat d'Bündnis als gehierdout bezeechent. Also war een zu München beméit, gréisstméiglechst Harmonie ze signaliséieren.

De Vladimir Putin dierft d'Konferenz vun doheem aus suivéiert hunn an huet op seng Manéier geäntwert: d'russesch Truppen a Belarus ginn net ofgezunn, mee bléiwen bis op Weideres stationéiert an asazbereet. "Turning the tide. Unlearning helplessness" war de Motto vun der Sécherheetskonferenz, mee genee dës Hëlleflosegkeet war de Weekend ze spieren. Et kann een nëmmen hoffen, datt d'Natopartner akribesch op all Fall virbereet sinn, deen Androck konnt d'Sécherheetskonferenz awer net vermëttele