Wéi all Joer protestéieren e puer Dausend Demonstranten zu München géint d'Sécherheetskonferenz. Wärend déi Maniffe fréier ëmmer vu lénke Gruppéierungen ugefouert gi sinn, hunn dëst Joer d'Riets-Partei "Alternative für Deutschland" an déi sougenannt Querdenker den Toun uginn.
E "bessert Verständnis" fir deen Anere kréien
Fridden ouni Waffen, dat kléngt zwar sympathesch, seet de Lëtzebuerger Verdeedegungsminister François Bausch, mee dofir misst Russland d'Waffen néier loossen.
"Dofir ass dat fein gemengt, mee et ass och eng Illusioun."
D'Münchener Sécherheetskonferenz ass net grad fir hier Transparenz bekannt. Ministeren, Vertrieder vu groussen Entreprisen a Cheffe vun der Rüstungsindustrie treffen sech an diskutéieren iwwert d'Lag vun der ëffentlecher Sécherheet, haaptsächlech en huis clos, ouni datt Journalisten dierfen dobäi sinn.
Dëst Joer goufen nees um Enn keng grouss Mesure annoncéiert. Mee genee dat wier den Interêt vun der Münchener Konferenz, fënnt de François Bausch.
"Ech menge grad well näischt entscheet gëtt, ass déi Konferenz wichteg. Dat mécht, datt d'Debatte vill méi oppe sinn. Wann e mol matenee gutt streit an engem Kontext, mee et geet um Endeffekt em Näischt, dat mécht, dat wann een nach eng Kéier driwwer nodenkt, een ee bessert Verständnis fir deen Anere kritt."
De François Bausch huet Lëtzebuerg zu München vertrueden. (Foto: Léonardo Kahn)
Wien intresséiert sech fir Lëtzebuerg?
De Samschde war de Verdeedegungsminister zum Beispill bei engem Dinner vum Warsaw Security Forum invitéiert, wou hien sech intensiv mat ost-europäesche Regierungsvertrieder austausche konnt.
"Dat war eng interessant Mëschung vu Meenungen, déi een do kritt huet, wou och déi Debatt statt fonnt huet: Wat ass eigentlech d'Geschicht vu Russland. De Putin steet an direkter Linn vum Stalin, wann ee kuckt wéi hie virgeet."
Russland hätt seng eege Geschicht ni richteg opgeschafft. Dat wieren alles Elementer, déi ee lo misst thematiséieren, well et gëtt och nach eng Zäit nom Krich, seet de François Bausch.
Mee interesséiert sech och een op der Konferenz fir de Lëtzebuerger Minister? De François Bausch mengt, seng Regierung hätt eng wichteg Vermëttlerroll.
"Lëtzebuerg ass e klengt Land, da vill gelidden huet an de lëschte Joerhonnert, zweemol brutal iwwerfall ginn ass. Mir hu kéng Rüstungsindustrie. Mir ginn ugesinn als Mediateuren. Mir hunn eng kredibel Positioun an dat ass gutt an enger Situatioun wéi déi hei."
D'Sécherheetskonferenz zu München huet vun e Freide bis e Sonndeg gedauert.