Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Nirvana - The Man Who Sold The World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sech net just beschwéieren, mee eppes veränneren

Sozialwahlen 2019

Sech net just beschwéieren, mee eppes veränneren

Den 12. Mäerz si Sozialwahlen. An de ronn 3.800 Betriber zu Lëtzebuerg, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, gëtt eng nei Personaldelegatioun gewielt. Wat ass de Rôle vun engem Personaldelegéierten a wéi gesäit esou en Alldag aus?

auto_stories

2 min

Dräi Personaldelegéiert aus ënnerschiddleche Beruffssecteuren erzielen, wat sech an deene leschte Joren an hirem Betrib geännert huet, wou d'Defie sinn a wisou si sech engagéieren, fir de Salariéen ze hëllefen.

De John Blum gesäit sech dacks als Sozialaarbechter an net just als Gewerkschaftler

De John Blum ass zanter néng Joer permanente Personaldelegéierte vum LCGB bei der Goodyear. Et wier eng intensiv Aarbecht, mee si géif dem John Blum et erméiglechen, de Betrib mat ze veränneren an d'Aarbechtskonditioune fir déi ronn 3.400 Salariéen ze verbesseren.

Den LCGB-Delegéierte bei der Goodyear John Blumplay_arrow


D'Vanessa Vansteene schafft zënter 2013 als permanent Personaldelegéiert bei der KBL

Als Personaldelegéiert hätt ee vill Reuniounen, et misst een Analyse maachen a virun allem de Kolleegen aktiv nolauschteren a si begleeden, esou d'Vanessa Vansteene, Personaldelegéiert vun der Bankegewerkschaft ALEBA. Et wier net ëmmer liicht, d'Aarbecht net mat heem ze huelen, besonnesch wann ee méi e schwieregen Dag hat.

D'ALEBA-Delegéiert erzielt aus hirem Alldagplay_arrow


E Personaldelegéierte vertrëtt d'Interesse vun de Salariéen, esou de Patrick Ourth.

Zanter 26 Joer ass hien am Betrib engagéiert a vun 2003 u permanente Personaldelegéierte vum OGBL am Cactus. Dem Patrick Ourth geet et, och no enger Partie Joren als Personaldelegéierten, ëmmer nach besonnesch no, wann ee Mataarbechter entlooss gëtt. Doru kéint hie sech "ni gewinnen".

De permanenten OGBL-Personaldelegéierte beim Cactusplay_arrow