Radioen

On air

Notturno  |  Father John Misty - Pure Comedy

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Scoutsjamboree trotz allen Hindernisser eng positiv Experienz"

Südkorea

"Scoutsjamboree trotz allen Hindernisser eng positiv Experienz"

De Jamboree, dat weltwäit gréissten Treffe vun de Scouten, stoung dëst Joer ënner kengem gudde Stär. No enger Hëtztwell waren déi ronn 40.000 Scouten a Südkorea mat engem Taifun konfrontéiert a goufen um Enn evakuéiert. Mat derbäi waren och 255 Vertrieder vu Lëtzebuerg.

auto_stories

2 min

Esou eppes hätt hien a senger Karriär nach net erlieft, betount de Chef vum Lëtzebuerger Contingent, Pit Demuth. Normalerweis kéim een op e Jamboree an et wier alles organiséiert.

Info-Channel fir d'Elteren

Hei hätten sech déi Responsabel reegelméisseg missen zesumme setzen, fir d'Situatioun an ze schätzen an Entscheedungen ze treffen, wéi et weider sollt goen an op ee sollt do bleiwen. Doduerch wier d'Equipe, déi sech dorëm bekëmmert hätt, awer nach méi zesumme gewuess, sou de Pit Demuth.

Besonnesch d'Eltere vun de Kanner, déi mat a Südkorea gereest sinn, waren heefeg ganz besuergt. Doru wieren awer haaptsächlech d'Medie Schold gewiescht, déi d'Situatioun mat Momenter falsch duergestallt hätten. Et hätt een ëmmer probéiert esou séier wéi méiglech ze reagéieren an ze informéieren. Iwwer en Info-Channel wieren d'Elteren och ëmmer um Lafende gehale ginn.

Positive Bilan gezunn

Trotz allen Hindernisser wier et um Enn awer eng positiv Experienz fir d'Lëtzebuerger Scoute gewiescht. Souwuel d'Participante wéi déi erwuesse Begleeder hätte vill international Connectioune kënne maachen, betount de Pit Demuth.

60 Lëtzebuerger Scouten hunn no der Ofschlosszeremonie um Freideg hir Saache gepak a sinn den Dag drop heem gereest. Déi aner 185 si fir eng Norees an den Norde vu Südkorea gereest. Do wieren ënner anerem Visitte vu Stied an Nationalparke geplangt, sou de Chef vum Lëtzebuerger Contingent.

Den nächste Jamboree ass 2027 zu Danzeg a Polen geplangt.