Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schwieregkeete bei Zesummestellung vu Wahlbüroen

Europawahlen

Schwieregkeete bei Zesummestellung vu Wahlbüroen

"Mir hate wéinst der Päischtvakanz Problemer eis Walbüroen fir d'Europawalen zesummenzestellen", seet den Ettelbrécker Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf op Nofro hin. Grond heifir ass, datt sech den Ufank vun der Päischtvakanz an d'Europa-Wahlen de 26. Mee iwwerschneiden. En Zoufall, deen zwar onglécklech wier, mee duerch de legislative Kader festgeluecht ass, esou d'Äntwert aus dem Educatiounsministère.

auto_stories

2 min

Bigstock / Alexandru Nika

Per Gesetz ass den Educatiounsministère nämlech dozou verflicht, d'Vakanzen dräi Joer am Viraus fir de ganze Schoulsystem opzestellen, esou de Pierre Reding, Premier Conseiller am Educatiounsministère. Am Mee zejoert goufen d'Vakanze fir d'Period 2018 bis 2021 fixéiert. "Hei war et esou, datt deen Datum vun den Europawahle jo eréischt am Laf vum leschte Joer festgeluecht gouf. An dat kënne mir ee Joer virun deem betraffene Whaljoer natierlech net méi änneren."

Well sech Päischtvakanz an Europawahlen iwwerschneiden, wier d'Opstellung vun de Wahlbüroen zousätzlech erschwéiert ginn, seet den Ettelbrécker Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf. Eenzel Leit wieren déi Zäit am Congé. "Dat sinn dann eben Leit, déi d'Gewunnecht an d'Kenntnis hu fir President respektiv Secretaire vun oder an engem Wahlbüro ze sinn.

Nieft Ettelbréck hate weider Wahlbüroen, esou zum Beispill deen zu Esch, Krämpes eng Equipe fir de Wahlsonndeg zesummenzekréien. Schlussendlech hätt sech "awer alles erginn", seet den Ettelbrécker Buergermeeschter. Hie géif sech awer wënschen, datt d'Wahlbüroen an Zukunft net méi duebel musse besat ginn.

Fir all Wahlbüro mussen nämlech per Gesetz och Ersatzleit bereet stoen. Persounen, déi seele gebraucht an awer convoquéiert musse ginn, esou de Jean-Paul Schaaf. "Sou misst een net fir all Wahlbüro spezifesch Reservisten hunn, mee datt ee fir eng ganz Gemeng Reservisten huet. Dat géif eis schonn hëllefen. Dann hätte mir 25 Leit manner misste siche goen."

Duerch d'Päischtvakanz ass och d'Demande fir Bréifwahl an d'Luucht gaangen, e weideren organisatoreschen Defi, esou de Jean-Paul Schaaf.