Ee Sëtz konnt d'KPL halen. De Parteipresident Ali Ruckert gouf zu Déifferdeng net méi gewielt. Senger Meenung no misst d'KPL elo analyséieren, firwat si hire Sëtz an der Gemeng verluer huet. Senger Aschätzung no kéint et dru leien, datt hir Argumenter ze vill an den Detail ginn.
De Frank Engel vu Fokus ass net enttäuscht, datt d'Partei néierens e Sëtz kritt huet. Senger Meenung no wier et fir kleng Parteie méi schwéier an de Gemengewale Fouss ze faassen, wéi an de Chamberwalen.
Och déi Konservativ krute kee Sëtz bei de Gemengewalen. De Parteipresident Joé Thein ass awer zefridden, datt si bal zwee Prozent an de Gemengen Déifferdeng a Péiteng kritt hunn. Senger Meenung no ass et fir kleng Parteie schwéier, sech an der Parteielandschaft ze etabléieren, well si net déi selwecht Moyenen hunn.
"Ech stellen awer fest, datt déi grouss Parteie weiderhin hire Score konnten halen, an dat trotz enger autoritärer Impfpolitk, enger Distanzéierung och vun der Politik vis à vis vum Bierger, an de Gemengen. Et ass einfach sou, datt et déi kleng Parteie warscheinlech méi schwéier hunn, well se och net déi Reechwäit kréien, net déi staatlech Parteiefinanzéierung hunn, an och d'Schwieregkeet hunn, sech innerhalb vum Parteiespektrum bemierkbar ze maachen."