Radioen

On air

Notturno  |  Lucy Dacus - Vbs

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Schweden stellt Zukunftsstad am Norden an d'Vitrinn

Schwedesch EU-Presidence

Schweden stellt Zukunftsstad am Norden an d'Vitrinn

Kiruna, am héijen Norde vu Schweden soll als Symbol fir déi gréng Transitioun an Europa stoen. D'Minne-Stad verlaangt de Leit, déi do wunnen, sou munches of.

auto_stories

7 min

Lauschterenplay_arrow


Eng komfortabel Strooss, déi sech an de Bierg erafrësst, féiert erof an déi weltwäit gréisste Minn, déi ënnerierdesch exploitéiert gëtt. Ee 500 Kilometer laangt Stroossennetz suergt hei dofir, datt déi, déi hei schaffen op hir Aarbechtsplaz kommen.

Schweden huet den 1. Januar d'Presidence vun der EU iwwerholl

Op Visiteuren ass ee gutt präparéiert. Hanner der Entréeshal vum Visiteurszenter, 540 Meter ënner dem Buedem, gouf ee groussen Auditoire an de Fiels gehaen, wou een op deen neitste Stand bruecht gëtt.

Déi gréng Zukunft vun der Minn

"LKAB weist de Wee an eng fossilfräi Zukunft", heescht et am Publicitéitsfilm vum Minnebedreiwer. Ze gesinn ass eng jonk Fra, déi flénk ee Fiels erop klotert. Et kritt een d'Impressioun, datt d'Exploitatioun vun dëser Minn ee rengt Naturerliefnis wier. D'Zukunft ass gréng, esou de Message. Bis 2045 soll déi bis elo éischter klimaschiedlech Extraktioun vun Eisenäerz ouni CO2-Emissioune funktionéieren.

"Déi Plaz wou ech elo stinn, ass ganz vir bäi an der grénger Transitioun", seet d'Ebba Busch, déi no der Projektioun vum Spot op de Podium geklommen ass. Si ass d'Vizepremier an der neier schwedescher Regierung, genee ewéi Energie- a Wirtschaftsministerin an huet iwwer hire donkelroude Kostüm eng Jackett ugedoen, op där grouss LKAB steet. Dat ass de Numm vun der Entreprise, déi d'Minn zu Kiruna bedreift an déi zu 100 Prozent dem schwedesche Staat gehéiert.

Entdeckung vu rare Metaller bréngt weider Perspektiv

D'EU muss déi gréng Transitioun domat verbannen, méi kompetitiv ze ginn, sou d'Meenung vun der Chrëschtdemokratin.

Fir d'Energie- an Wirtschaftsministerin Ebba Busch steet d'Minn zu Kiruna fir eng gréng Transisitioun

D'Ebba Busch wäert an de nächste sechs Méint d'Verhandlungen tëscht de 27 EU-Länner leeden. Passend zum Optakt vun där EU-Presidence annoncéiert LKAB, dat ënner dem Buedem vu Kiruna dee gréissten europäeschen Dépôt vu rare Metaller entdeckt gouf.

Eng gutt Nouvelle, erkläert d'Ebba Busch der Press aus Bréissel, déi sech fir deen Evenement an den héijen Norden deplacéiert huet.

"90 Prozent vun de rare Metaller, déi mir brauche ginn a China produzéiert. Dat ass net nohalteg, mir mussen an der EU méi onofhängeg ginn."

Op d'Plaz goufen och Vertrieder vun der europäescher Industrie invitéiert. Si konfirméieren, datt d'Demande no rare Metaller ëmmer méi grouss gëtt. Zum Beispill fir Magnéiter hierzestellen, déi an Transmissiounsmoteuren agebaut ginn, esou de Florian Schupp, vum Automobil-Zouliwwerer Schaeffler.

"Diese Motoren brauchen eine grosse Menge an seltenen Erden, die wir heute wie viele andere nicht in Europa kaufen. Das würden wir gerne ändern. Uns geht es darum, unsere Lieferkette zu verkürzen. Aber auch um die Beinflussbarkeit von nachhaltigen Prozessen."

Deen Afloss wier bei engem europäesche Verkeefer méi grouss ewéi bei engem chineeseschen, esou d'Aschätzung vum bayreschen Entrepreneur.

Et kéint allerdéngs nach 10 bis 15 Joer dauere bis de Site zu Kiruna prett fir d'Exploitatioun ass. "Mir zielen drop, datt dat méi séier geet", seet de Florian Schupp. Dat nämmlecht hofft och de Bedreiwer vun der Minn, wéi den CEO vun LKAB, de Jan Mostrom, betount.

Minn imposéiert spektakulär Plënner-Aktioun

D'Decouverte vun de rare Metaller kéint d'Zukunft vun de ronn 23.000 Awunner vu Kiruna weider veränneren. De Gros vun hinnen hänkt schonn haut direkt oder indirekt vun der Minn of.

D'Architektin Sigrid Vestling ass en charge fir déi nei Pläng vun der Stad auszeschaffen

"Il y une symbiose entre la mine et la ville", stellt d'Sigrid Vestling fest. Déi jonk Architektin ass a Schweden opgewuess, an huet sech no hirem Studium zu Paräiss zu Kiruna niddergelooss. Zanter 2014 ass si do bei der Stadverwaltung fir ee ganz ongewéinleche Projet zoustänneg. Een, deen d'Minn den Awunner diktéiert.

2004 huet LKAB ee Bréif un d'Stad geschéckt, an deem annoncéiert gouf, datt ronn een Drëttel vun der Stad misst plënneren. Sou kéint viru kann no Eisenäerz gegruewe ginn. Duerch d'Aarbechten an der Minn besteet nämlech d'Gefor, datt Deeler vun der Stad an de Koup falen.

"Le minerai se situe en diagonale en-dessous de la ville. L'exploitation crée des failles souterraines qui doivent se boucher, donc naturellement cela s'effondre et à la surface des fissures apparaissent. Cela impacte sur les constructions."

Also gouf decidéiert, ganz Deeler vun der Staat ze plënneren an d'Sigrid Vestling ass am gaangen d'Pläng dofir auszeschaffen. Betraff sinn eng 6.000 Leit. Bis elo ass awer net definitiv virauszegesinn, wou sech iwwerall de Buedem beweege wäert.

Kierch gëtt op Rieder hir nei Plaz gefouert

2016 gouf mam Plënneren ugefaangen. Als éischt gouf een neien Hôtel de Ville installéiert, virun deem den alen Auer-Tuerm, eng markant Konstruktioun aus Stol, nees opgestallt gouf.

Historesch wäertvoll Gebaier sollen erhale bleiwen. Virop d'Kierch, dat iwwer 100 Joer alt Gebai aus Holz krut de de Präis vum schéinste Gebai a Schweden.Spektakulär Plënner-Aktioun: D'Kierch aus dem Joer 1912 soll als ganz Gebai versat ginn.

Et ze deplacéieren ass ee Projet, un deem nach muss iwwer ee Joer geschafft ginn. "Il y a une entreprise qui a proposé de soulever l'église et elle va rouler", sou d'Architektin, déi gespaant drop ass, déi spektakulär Entreprise mat ze erliewen. Enn 2024 soll et sou wäit sinn. Fir den Transport an déi nei Staat, eng véier Kilometer vun deem ale Stadkär ewech, muss dofir gesuergt ginn, datt eng Bunn vu 40 Meter an der Breet fräi bleift. Dem aktuelle Stadbild, an deem dat rout Gebai a Form vun engem Sami-Zelt op enger Kopp vu Wäitem ze gesinn ass, muss een Äddi soen.

Net vill Géigewand

Dovun ass net jidderee begeeschtert: "Mir, déi hei liewe wëssen: D'Minn gëtt an hëlt", seet d'Lena Tjärnberg dobannen an der Kierch. Der Vikarin vun der Por zu Kiruna gesäit een of, datt sech hir Virfreed a Grenzen hält. "Op d'mannst bleift eis Kierch erhalen", seet si a versicht esou, dem Ganzen eppes ofzegewannen.

De Plënner-Prozess leeft net bei all den Awunner ganz ouni Komplikatiounen of, konfirméiert d'Architektin Sigrid Vestling. Zu grousse Protestaktioune koum et awer bis elo net.

"Cela correspond à la culture du nord. On s'adapte, on se dit c'est comme ca. Les gens rigolent en me disant, oh les Français sont super doués pour descendre dans les rues et faire la grève. Nous on n'est pas comme cela."

Den Enthusiasmus hält sech och bei deenen, déi scho virun der Minnenentreprise an där Géigend gelieft hunn a Grenzen. Och déi nei Decouverte vu seelene Metaller gëtt do éischter skeptesch bekuckt.

"Et ass wéi et ass", seet de Stefan Mikaelson, de Vizepresident vum Parlament vun de Sami, op Nofro vun de Journalisten aus Bréissel. Déi meescht Sami si Rendéier-Ziichter.

"Déi méi schwaach Partie muss noginn. Et gëtt ëmmer méi schwéier seng Rendéieren duerch d'Regioun ronderëm Kiruna ze dreiwen. Déi traditionell Rendéier-Haltung gëtt ëmmer méi zerstéiert."

Och dat ass d'Realitéit zu Kiruna, der Stad vun der Zukunft am héijen Norde vu Schweden.