Radioen

On air

De Moien  |  Flo Morrissey & Matthew E. White - Thinking Bout You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schwaarz Lëscht vu Steierparadäiser an der EU

Steieren

Schwaarz Lëscht vu Steierparadäiser an der EU

D'EU-Finanzministeren di sech schwéier ze definéieren, wéi eng Länner op déi Schwaarz Lëscht vun de Steierparadäiser gehéieren. Si diskutéieren zënter iwwert engem Joer doriwwer. Dësen Dënschdeg soll d'Lëscht publizéiert ginn. Um Enn kéinte just eng 20 Länner dropstoen. Een EU-Land ass net derbäi. D'Lëscht wier net kredibel, soen ONGen. An den zoustännegen EU-Commissaire Pierre Moscovici, ass am Virfeld op Distanz gaangen.

auto_stories

4 min

Direkt no de Publikatioune ronderëm d'Panama Papers haten d'EU-Finanzministeren decidéiert, d'Saach an d'Hand ze huelen, an eng Schwaarz Lëscht vu sougenannte Steierparadäiser zesummenzestellen. Net grad 100 Länner a Jurisdiktioune goufen ënnert Lupp geholl. Et gouf laang vill driwwer spekuléiert, wéi eng Nimm um Enn zréckbehale ginn.

Et wier z'erwaarden, datt eng 20 Länner op der Lëscht stinn, sot een EU-Diplomat e Freideg zu Bréissel. Et ass sécher, datt keen EU-Land dropsteet. Op enger Groer Lescht, op där Länner stinn, déi verschidden Ännerungen zougesot hunn, kéinten eng weider 20 Länner opgefouert ginn.

D'Iddi vu sou enger Lëscht ass net nei. D'Kommissioun selwer hat am Juni 2015 eng Blacklist publizéiert. Dat war éischter eng Kombinatioun vun nationale Lëschten. 30 Länner waren drop. Et gouf vill Kritik, well d'Critèren "onfair" wieren.

ONG applizéiert Reegelen

Och ënnert de Finanzministeren waren d'Diskussioune ronderëm d'Critèrë komplizéiert. Et ass ee Fortschrëtt, datt net méi nëmmen op Reegele vun der Transparenz gekuckt gouf, mä datt och d'Steiergerechtegkeet als zweete Critère eng Roll spillt, seet d'Aurore Chardonnet vun der ONG Oxfam. Allerdéngs wier genee dee Critère ze laber definéiert ginn. "Souguer den Taux vun null Prozent gëtt just als Indicateur ugesinn, an net als Critère, fir e Land op d'Lëscht ze setzen." Och d'Steieravantagen, déi ouni Géigeleeschtung u multinational Entreprise géife goen, awer fir d'Acteuren am Land net accessibel wieren, géifen net consideréiert ginn.

Oxfam huet selwer d'Critèren vun der EU applizéiert a kënnt zum Schluss, datt op d'mannst 35 Länner missten zu de Steierparadäiser gezielt ginn. Dorënner d'Schwäiz an d'Bermuda-Inselen. Op déi Lëscht gehéieren Oxfam no och véier EU-Länner: Irland, Malta, Holland a Lëtzebuerg.

Bei Lëtzebuerg ass Loft no uewen

Där Meenung ass och de gréngen, belschen Europadeputéierte Philippe Lamberts. De Critère vun enger "lächerlech schwaacher Besteierung", respektiv guer kenger Besteierung wier erausgeholl ginn. "Et ass keen Zoufall, datt de Conseil dee Critère net wollt. Si wousste ganz genee, datt verschidde Memberlänner op d'Lëscht géife kommen, wann e géif applizéiert ginn."

De Critère vun der Steiergerechtegkeet huet dofir gesuergt, datt Oxfam déi véier EU-Länner op seng Lëscht setzt. Oxfam huet d'Differenz tëscht der wirtschaftlecher Aktivitéit vun de Länner an deem, wat duerch Dividenden oder Lizenzen erakënnt, gekuckt. Déi wier bei Lëtzebuerg "absurd", seet d'Aurore Chardonnet vun Oxfam.

Lëtzebuerg hätt Efforten a Fortschrëtter gemaach, wat d'Transparenz ugeet, sou d'Analys vun Oxfam. Datt de Grand Duché a verschiddenen Dossieren nach ëmmer bremst, géif awer justifiéieren, datt d'Land op där Schwaarzer Lëscht vun der ONG steet. "Wa Lëtzebuerg wëllt weisen, datt et kee Steierparadäis ass, huet et näischt ze verstoppen."

Moscovici distanzéiert sech

Den EU-Commissär Pierre Moscovici wollt op Nofro d'Oxfam-Lëscht net kommentéieren. Hien huet se awer als "interessant" bezeechent. Tatsaach wier, datt keen EU-Land kéint als Steierparadäis bezeechent ginn, wann een déi Critèren uwennt, déi op internationalem Niveau gëllen.

Dat géif awer net heeschen, datt et keng Problemer bannent der EU gëtt, sou de Pierre Moscovici. Et géif Praktike ginn, déi misste bekämpft ginn, an et géif Regimmer ginn, déi misste verbessert ginn. Et géif Problemer ginn, déi misste geléist ginn, awer et géif keng Steierparadäiser an der EU ginn.

De Pierre Moscovici huet sech am Fong schonn am Virfeld vun der Lëscht vun de Finanzministeren distanzéiert. "Ech well hei ganz kloer soen, datt d'EU-Lëscht vun den Steierparadäiser vun de Memberlänner opgestallt gëtt. Dës Lëscht ass keng legislativ Propos vun der Kommissioun."

Territoirë vu Groussbritannien

Fir d'Molly Scott, déi Member an der Panama-Kommissioun vum Parlament ass, ass déi grouss Fro, ob britesch Jurisdiktiounen op där Lëscht stinn. Och dat wier decisiv fir d'Credibilitéit vun der Lëscht, sou déi britesch Europadeputéiert op enger Pressekonferenz d'lescht Woch.

"Wann zum Beispill d'Kaiman- oder d'Bermuda-Inselen op där Lëscht stinn, da wier dat een Zeechen dofir, datt een dem Rapport vum Parlament Rechnung dréit, dee seet, datt Groussbritannien seng Territoiren doduerch protegéiert huet, datt et Member vun der EU ass."

Dowéinst wéilt ee sech am Parlament dofir asetzen, datt an d'Brexit-Verhandlunge matafléisst, datt nom Austrëtt vu Groussbritannien Drock op d'Land ausgeüübt gëtt.

Wat bedeit d'Lëscht konkret?

Et geet awer net nëmmen drëms, wien um Enn op där Lëscht steet, mä och, wat dat genee fir ee Land bedeit. Et wier Strof genuch, iwwerhaapt dropzestoen, sot dozou de Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna. Ënner anerem wéinst senger Haltung sinn den Ament keng Sanktioune virgesinn. Doriwwer si sech d'EU-Finanzministeren nämlech net eens ginn.

Engem EU-Diplomat no wiere fir d'nächst Joer defensiv Mesurë geplangt. Also méiglecherweis Sanktiounen an Zesummenhang mat der Schwaarzer Lëscht.