Radioen

On air

De Weekend  |  Chromeo - Words With You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schwaach Argumenter géint Spëtzekandidaten

Europäesche Wocheréckbléck

Schwaach Argumenter géint Spëtzekandidaten

An der EU gëtt driwwer gestridden, wéi d'Poste solle verdeelt ginn. Et geet ënner anerem drëm, ob ee vun den europäesche Spëtzekandidate fir d'Europawahlen dono soll Kommissiounspresident ginn. D'Géigner vum System vun de Spëtzekandidaten hu schwaach Argumenter, seet d'EU-Korrespondentin Danièle Weber an eisem EU-politesche Wocheréckbléck.

auto_stories

3 min

D’Géigner vum System vun de Spëtzekandidaten hu schwaach Argumenter, seet d’EU-Korrespondentin Danièle Weber an eisem EU-politesche Wocheréckbléck. Foto: Elke Weber / Archiv

D'Staats- a Regierungscheffe wollten op hirem Sommet zu Sibiu virun allem eent demonstréieren: d'Eenheet vun de 27 EU-Länner. Gestridde gouf awer, an zwar iwwer d'Prozedur wéi an Zukunft solle Posten an der EU verdeelt ginn.

De System vun de Spëtzekandidaten, deen et zanter de leschte Wahle gëtt, ass komplizéiert an ëmstridden. Enner anerem de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel huet gëscht gesot, dee System géif ouni transnational Wahllëschte kee Sënn maachen. Domat si Lëschte gemengt, op deene sech an allen EU-Länner déi nämmlecht Kandidaten opstellen.

Un deem Argument ass eppes drun, de System ass net perfekt - allerdéngs ass et net logesch, datt déi liberal Partei dës Kéier dogéint ass. Nach bei de leschte Wahlen hat si selwer mam Guy Verhofstadt ee Spëtzekandidat nominéiert. Eng Alternativ, déi dofir suerge kéint, datt d'Wieler méi bei der Posteverdeelung ze soen hunn, presentéieren d'Géigner vum System och net.

Datt elo déi Liberal de System vun de Spëtzekandidaten op eemol net méi gutt fannen, huet vläicht eppes domat ze dinn, well si sech net mam franséische President Emmanuel Macron a senger "La République en Marche" net eens gi sinn, fir sech virun den Europawahlen zesummen ze dinn an ee gemeinsame Kandidat ze presentéieren.

LSAP: Schmit seet Nee, Angel jo zu Spëtzekandidaten

D'Lëtzebuerger Sozialiste schéngen sech an där Fro net eens ze sinn. De Nicolas Schmit seet, hie stéing "largement hanner dem Premier", et wier och keen "Automatismus" iwwer ee System vu Spëtzekandidaten an den EU-Traitéë virgesinn. De Marc Angel huet dat dono revidéiert a gesot, datt op alle Fall ee vun de Spëtzekandidate soll no de Wahle Kommissiounspresident ginn.

Dat ass och d'Positioun vum Europaparlament. Säi President Antonio Tajani huet zu Sibiu betount, datt d'Parlament keen anere Kandidat fir de Poste vum Kommissiounspresident akzeptéiere géif. D'Parlament muss de Kandidat fir Chef vun der Kommissioun ze ginn, gutt heeschen.

Staats- a Regierungscheffe sëtzen um Hiewel

Zu Sibiu hunn d'Staats- a Regierungscheffen awer däitlech gemaach, datt si um laangen Hiewel setzen. Dat ass an den Traitéen och esou virgesinn: Si nominéieren de Kommissiounspresident, mussen dobäi just d'Resultat vun de Wahle mat berécksiichtegen.

D'Kräfteverhältnis am Conseil vun de de Staats- a Regierungscheffen, weist den Ament folgend Bild: Déi, déi fir de System vun de Spëtzekandidate sinn, si liicht am Virdeel. Dozou zielen d'Chrëscht-Demokrate vun der Europäescher Vollekspartei. Et gëtt den Ament néng Staats- a Regierungscheffen, déi dëser Fraktioun ugehéieren, si hunn also aacht Stëmmen am Conseil. D'Sozialiste kommen op fënnef.

Op där anerer Säit stinn déi Liberal un der Spëtzt vun aacht Memberlänner. Kloer géint de System vun de Spëtzekandidaten huet sech nieft dem franséische President Emmanuel Macron och déi litauesch Presidentin Dalia Grybauskaitė kritesch zum System geäussert. Deemno wiere schonn op mannst zéng Länner net dofir, dat ee vun de Spëtzekandidaten och Kommissiounschef gëtt.

De System gëtt nach méi komplizéiert an op alle Fall net méi demokratesch, seet d'Danièle Weber an eisem EU-politesche Wocheréckbléck.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.