Radioen

On air

Resonanzen  |  D'Zesummenaarbecht gëtt verdéift

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Schüler stieche sech an der Reegel net an der Schoul un"

Educatioun

"Schüler stieche sech an der Reegel net an der Schoul un"

Et ginn zu Lëtzebuerg just zwee Fäll vu Schüler, vun deenen net definitiv gewosst, ob si sech an der Schoul mam Coronavirus infizéiert hunn. Dat sot den Educatiounsminister Claude Meisch de Moie virun der Press. D'Fuerschungs-Task Force confirméiert, datt et wéineg Unzeeche fir Infektiounen an de Schoule ginn. Zënter zwou Woche ginn et keng getrennte Klasse méi well d'A/B-Gruppen opgeléist goufen. Dat soll bis elo keen negativen Impakt gehat hunn.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Jean-Claude Franck lauschterenplay_arrow


Zënter Nationalfeierdag ginn et nees méi Corona-Infektiounen zu Lëtzebuerg, och an de Schoulen. Mee déi Infektioune geschéie gréisstendeels baussent der Schoul, seet de Lex Folscheid, héije Beamten am Educatiounsministère. "Mir kënne kloer feststellen datt Schüler sech an der Famill ustiechen, op privaten Evenementer, baussent der Schoul, an der Schoul selwer keng weider Kontaminatiounen."

Dat deckt sech mat den Informatiounen, déi d'Fuerscher an der Covid-Task Force hunn, esou den Alexander Skupin, mee d'Situatioun misst nach weider erfuerscht ginn. Et géif een awer elo scho gesinn, datt et warscheinlech wéineg Impakt huet, wann d'Klassen net méi an zwee Gruppen opgedeelt sinn.

Et misst een awer viru virsiichteg sinn an d'Zuele weider analyséieren, well een den Impakt vun enger Mesure ëmmer réischt no ronn zwou Woche gesäit.

Och wann et bis elo wéineg Unzeeche fir Ustiechungen an de Schoule soll ginn, ginn et awer positiv Fäll. An deem Fall ginn all d'Schüler a Proffen aus dem direkten Ëmfeld fir op d'Mannst fënnef Deeg a Quarantän gesat bis se getest sinn. Dem Lex Folscheid no hätt ee momentan Informatiounen iwwer 27 Klasse fir eng Woch a Quarantän: 12 am Secondaire, 15 an der Grondschoul. Am Enseignement fondamental wieren dem Educatiounsminister no 30 Schüler positiv op den neiaartege Coronavirus getest ginn. Véier Enseignanten oder Educateuren (a Crèchen) wieren och positiv op de Coronavirus getest ginn.

Majoritéit vu Schoulen ouni Infektiounsfäll

Am Secondaire wieren och 30 Schüler positiv getest ginn, 3 Enseignante waren am selwechte Fall. 13 vu 37 Lycéeë si betraff.

Dat géif awer och bedeiten, datt 161 Schoule vun 194 Schoulen ouni positiv Fäll wieren, sou de Claude Meisch. 60 vun am ganzen 90.000 Schüler wieren domat positiv getest ginn. Momentan wieren deemno 27 vu 6.402 Klassen am Fondamental an am Secondaire fir eng Woch Quarantän. Dat bedeit awer net, datt déi Leit alleguer ustiechend wieren, et géif sech ëm eng Sécherheetsmesure handelen, sou de Lex Folscheit vum Educatiounsminsitère.

D'Fuerscher an d'Ministère wëllen d'Situatioun déi nächst Woche méi genee analyséieren. Eppes ass awer scho sécher: Fir d'Schoulrentrée wäerte weider Hygiènesmesure gëllen. Mir wäerte soubal net op eng "normal Normalitéit" zréckkommen, esou de Lex Folscheid.