ADMINISTRATION PÉNITENTIAIRE Zweete positive Fall am Prisongsblock zu Schraasseg

Am Prisong zu Schraasseg huet sech en zweeten Detenu mam Coronavirus ugestach, präziséiert de Chef vun der Prisongsverwaltung op Nofro hin. De Serge Legil dementéiert och Informatiounen, déi vun engem Agent pénitentaire via Video-Message op de soziale Medie verbreet goufen.

Pia Oppel / Tessy Troes

Prisong

Am Prisong zu Schraasseg huet sech en zweeten Detenu mam Coronavirus ugestach, präziséiert de Chef vun der Prisongsverwaltung op Nofro hin.

Positive Fall huet sech an der Zell ugestach

De Betraffene géif keng Symptomer weisen a wier ee vun zwee Zellematbewunner gewiescht vum Detenu, deen um Freideg positiv getest gouf.

Enger Enquête vun de Medezinner no hätt den Detenu sech viru senger Haft ugestach. Et wier ee vun de rare Fäll, déi réischt no méi wéi 7 Deeg - also no der Quarantän um Ufank vun der Haftzäit - positiv beim PCR-Test ugewisen hätt.

De Serge Legil seet, datt een d'Quarantänszäit elo zesumme mat de Medezinner re-evaluéiere géif: si kéint vu 7 op 10 Deeg eropgesat ginn, awer just wann et statistesch vertrietbar wier. Den Ufank vun enger Haftzäit wier och sou scho stresseg genuch.

Video-Aussoe wiere falsch

De Chef vun der Prisongsverwaltung dementéiert iwwerdeems och Informatiounen, déi vun engem Agent pénitentaire via Video-Message op de soziale Medie verbreet goufen.

An deem Video gouf de Reproche formuléiert, datt ee Klima vun der Angscht sollt geschafe ginn, fir d'Impfbereetschaft am Prisong ze verstäerken.

D'Aussoen an deem Video wiere falsch, esou de Serge Legil:

"Mir kënnen objektiv beleeën, wéi vill Leit vun den Detenuen infizéiert waren, an do féiert kee Wee derlaanscht (...) Wann dann d'Regierung ernimmt gëtt a Wourechte verdréint ginn, da ginn d'Alarmklacke lass."

Bis ewell hätt bësse méi wéi d'Hallschent vun den Detenuen sech bereet gewise fir eng Impfung. Et wier och eng Opklärungscampagne vun den Dokteren am Gaangen, mee sech impfen ze loosse wier weiderhin ee perséinleche Choix.

Den Agent pénitentaire stellt am Video och d'Fiabilitéit vun de PCR-Tester a Fro. Dat, well d'Detenuë bei engem zweeten Test bal ëmmer negativ gewiescht wieren. De Serge Legil präziséiert, datt dësen zweeten Test net direkt, mee, wéi vun der Santé virgesinn, "à la sortie de la quarantaine", also 7 Deeg nom éischten Test duerchgefouert ginn.

Anescht wéi am Video duergestallt wieren d'Agents penitentiaire och net prioritär bei der Impfcampagne. De Serge Legil hätt dëst zwar begréisst: hien hält den Avis vum Ethikrot, bei Impfstoffmangel verschidde Beruffsgruppen net ze prioriséieren awer fir vertrietbar.

Méi zum Thema

Serge Legil Exklusiv
Gesondheet

De Freideg den Owend ass fir déi éischte Kéier en Detenu an engem Block am Prisong positiv op de Coronavirus getest ginn, sou de Chef vun der Prisongsverwaltung Serge Legil an eiser Emissioun Riicht Eraus.

Prisong
Administration pénitentiaire

Dee leschte Prisonéier hätt haut domat opgehalen, deelt d'Prisongsverwaltung eis de Mëtteg mat. Eng 40 Prisonéier waren Enn vun der leschter Woch an den Hongerstreik getrueden.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen