Radioen

On air

Tockcity  |  Altin Gün - Vallahi Yok

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schoulrentrée: Oppositioun kritiséiert den Educatiounsminister

Educatioun

Schoulrentrée: Oppositioun kritiséiert den Educatiounsminister

​Den Educatiounsminister Claude Meisch hätt den Deputéiert keng pedagogesch Neierungen annoncéiert, bedauert d'CSV no der zoustänneger Chamberkommissioun. Zum Beispill géif et kee konkrete Plang ginn, wat den Encadrement vun de vulnerabele Kanner wärend der Corona-Pandemie ugeet, seet d'Martine Hansen.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

Datt d'Lycéesdirektioune vu 4ième u partiell kënnen doheem enseignéiert ginn, wieren déi och eréischt déi lescht Woch gewuer ginn, esou datt et der Martine Hansen no "bal onméiglech" wier, fir bannent enger oder zwou Wochen esou e Plang opzestellen. Beim Enseignement iwwer Video-Livestream géif een och riskéieren déi méi schwaach Schüler ze benodeelegten, esou d'CSV-Fraktiounspresidentin.

Déi vulnerabel Kanner géifen elo mol esou behandelt ginn, wéi dat am Confinement de Fall war, erkläert den DP-Deputéierte Gilles Baum. Deemno wäerte si weider vun doheem aus kënnen enseignéiert ginn. Net gutt fënnt d'CSV dann nach, datt en Deel vun der Responsabilitéit op d'Direktioun vun de Lycéeë gedréckt gouf. Deemno kënnen d'Schoule selwer op zwou Mesuren zeréckgräifen, déi méi wäit gi wéi dat, wat vum Ministère imposéiert gëtt. Fir déi Lénk geet de Plang vun der Regierung op Nofro hin an déi richteg Richtung.