Radioen

On air

Thé Dansant  |  The Who - The Real Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Schoulflicht vu 16 op 18 Joer: Gesetzesprojet gouf ugepasst

Educatioun

Schoulflicht vu 16 op 18 Joer: Gesetzesprojet gouf ugepasst

De Gesetzesprojet iwwer d'Eropsetze vun der Schoulflicht vu 16 op 18 Joer gouf ugepasst. De Staatsrot hat a sengem Avis néng formell Oppositioune formuléiert. Fir deem Rechnung ze droen, wieren am leschte Regierungsrot eng Partie Amendementer ugeholl ginn, esou de Lex Folscheid aus dem Educatiounsministère.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Am initiale Gesetzesprojet war ënnert anerem eng Amende vu bis zu 250€ fir Eltere virgesinn, wann e Kand net an d'Schoul géif goen. Dat wier elo am Text geännert ginn, erkläert de Lex Folscheid. Esou, datt et beim Verstouss géint d'Schoulflicht keng geriichtlech Poursuitte méi ginn.

Et bleift also dobäi, datt jee no Prozedure, dat beim Parquet oder och an Zukunft beim Jugendriichter gemellt misst ginn. De Jugendriichter misst da kucke wéi et dem Kand geet a géif déi Mesuren ergräifen, déi sech do géifen imposéieren.

Mat 16 Joer eng Dispens ufroe fir schaffen ze goen

Doriwwer eraus solle Jonker, déi op d'Mannst 16 Joer al sinn a wëlle schaffe goen, d'Méiglechkeet kréien, eng Dispens ze froen, fir net an d'Schoul mussen ze goen. Den Educatiounsministère ass awer weider der Meenung, datt et absolut ofzeroden ass fir tëscht 16 an 18 Joer ouni Diplom d'Schoul ze verloossen.

700 Schüler déi all Joer ouni Diplom déi de Schoulsystem géife verloossen, wieren tëscht 16 an 18 Joer. Knapp zéng Prozent dovu wäert dono an engem Aarbechtskontrakt, deen an der Reegel ee CDD wier, sinn. De Lex Folscheid erkläert, datt déi Kontrakter an Interimsfirme wier an deenen ee kee ganze Kader hätt.

Feele vun enger legaler Basis fir den Homeschooling

Weider hat de Staatsrot a sengem Avis drop higewisen, datt et aktuell un enger legaler Basis fir den Homeschooling géif feelen.

Si géife genee op deen heiten Text waarden, ënnersträicht de Lex Folscheid. An dësem Text géif definéiert gi wat eigentlech eng Beschoulung zu Lëtzebuerg misst assuréieren. Si wéilten och déi kommend Gesetzgebung iwwer den Homeschooling un déi Prinzippien hänken. Den Text fir den Homeschooling am Fondamental an am Secondaire nei ze reegele wier fäerdeg. Dee wäert op den Instanzewee goe soubal dat heite Gesetz a Kraaft getrueden ass.

Den Educatiounsministere hofft, datt dat neit Gesetz ronderëm d'Schoulflicht nach an dëser Legislaturperiod gestëmmt gëtt.