arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schoule méiglecherweis bis de 4. Mee zou

Wéinst Corona-Pandemie

|
reading time

2 min

Schoule méiglecherweis bis de 4. Mee zou

Eisen Informatiounen no diskutéiert de Regierungsrot doriwwer, fir d'Schoule bis de Méindeg, de 4. Mee zouzeloossen.

reading time

2 min

Wéi et dono géif weidergoen, soll zu engem spéideren Ament nei evaluéiert ginn. An deem Szenario wieren d'Schoulen also nach zwou Wochen no der Ouschtervakanz zou. Eng Decisioun ass nach net geholl.

De leschten offizielle Stand war, datt d'Schoule bis op d'Mannst den 19. Abrëll géifen zoubleiwen.

"Gi vu méi laanger Fermeture aus"

D'Enseignantsgewerkschaft SNE sot an eisem Mëttes-Panorama, si géif dovun ausgoen, datt d'Schoulen nach méi laang zoubleiwen: "Mir ginn dovun aus datt wann een de Spezialisten nolauschtert, datt d'Schoulen net direkt no Ouschteren nees ufänke wäerte mee datt et méi laang unhält. Dat si Méiglechkeeten déi mir envisagéieren.", esou den SNE-President Patrick Remakel.

Rezent hätten d'Gewerkschafte mam Educatiounsminister Claude Meisch geschwat fir déi verschidden Zenarien duerchzegoen. Eng konkret Decisioun hätte si awer nach net matgedeelt kritt.

Erausfuerderunge vun der Schoul doheem

Dem Patrick Remakel vum SNE no misst d'Gesondheet priméieren, ma den Homeschooling wier op laang Dauer net evident. D'Interaktioun mat de Kanner an der Schoul géif feelen.

"Et ass e Fakt, datt mir an der Schoul probéiere, duerch individuell Betreirung, verschidde Schwächte vu Kanner nozebesseren.", seet de Patrick Remakel. Dat géif den Ament verluer goen. D'Situatioun doheem hätt en Impakt: "Kënnen d'Elteren hëllefen? Hu se Zäit? Hu se dat néidegt informatescht Material fir ze hëllefen?"

Vill verschidde Facteure wieren entscheedend fir datt den Homeschooling reusséiert, esou de Patrick Remakel vun der Enseignantsgewerkschaft SNE.