Radioen

On air

Notturno  |  John Coltrane - My Favorite Things

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schoulalldag op der Kopp

Riicht Eraus

Schoulalldag op der Kopp

Zanter zéng Méint geheit Corona de Schoulalldag op d'Kopp, an et kéint nawell gutt sinn, datt dat nach e Strapp esou virugeet. Den Educatiounsminister Claude Meisch mécht an der Emissioun Riicht eraus de Point iwwer d'unhalend Erausfuerderunge vun der Pandemie a wéi en Debat iwwer d'Direktiounsposte soll stattfannen.

auto_stories

4 min

No der Iwwergangswoch mat Homeschooling fir 2021 unzefänken, geet et e Méindeg an de Schoulen nees zeréck an de Modus vu virun der Chrëschtvakanz.

Zousätzlech Testcapacitéiten an der Schoul

Déi allermeescht Schülerinnen a Schüler hunn also nees Presenz-Unterrecht; just d'4ème, d'3ème an d'2èmë bleiwen d'hallef Zäit doheem a kréien d'Coursen dee Moment online gehalen.

De Claude Meisch hofft, datt de positiven Trend bei den Infektiouns-Zuele sech confirméiert, dat géif och dee Schoul-spezifeschen Tracing erliichteren.

Fir d'Lacunnen, déi et do gouf, ze behiewen, wier organisatoresch ëmgestallt ginn, sot den Educatiounsminister, an et géifen och zousätzlech Testcapacitéiten zur Verfügung gestallt ginn, a Form vu méi mobillen Test-Unitéiten. Et géifen der elo 19, an net 12 wéi nach virun der Vakanz, ginn. D'Unitéite kommen era fir d'Fäll vum Zenario 1, "dat heescht, wou een isoléierte positive Fall an enger Klass ass, fir dann déi ganz Klass och sechs Deeg drop oder ab dem sechsten Dag an der Schoul kënnen ze testen."

Adaptatioune si weiderhi méiglech

Wéi d'Situatioun sech weiderentwéckelt, bleift natierlech ongewëss. Noutfalls misst eben nees op Homeschooling ëmgeschalt ginn. De Claude Meisch freet sech doriwwer, datt deen, dank den Erfarungen aus dem Fréijoer, elo vill besser funktionéiert hätt.

Hien huet an deem Kontext vun engem "qualitative Sprong" geschwat. Vakanze verréckele wier definitiv keng Optioun, sot de Minister. Wat d'Matière ubelaangt, déi am Premières-Exame gepréift gëtt, kéint et nach zu Adaptatioune kommen. Ronderëm d'Fuesent géif do eng Decisioun geholl ginn.

Och déi nei englesch Virus-Variant géif een am A behalen, esou de Claude Meisch. Et ginn Indikatiounen, datt Kanner méi ufälleg sinn, mee hien denkt "datt de Stand vun der Fuerschung nach net esou wäit ass fir wierklech definitiv kënnen eppes ze soen." An Zukunft kéint hie sech virstellen, dat méi op sequenziell Informatioune gekuckt gëtt, fir mat Zäite kënnen ze reagéieren.

Zu där stänneger Kritik, där hie wéinst senger Krisegestioun ausgesat war, sot de Claude Meisch:

"Am Fréijoer, wou d'Schoulen zougaange sinn, hat een eng ganz aner Ambiance. Do wollt jiddwereen hëllefen. Jiddwereen huet gemierkt: Mir sinn an enger eemoleger Kris hei, 't ass eppes, wat mer an eisem Liewe keng zweete Kéier méi esou wäerten erliewen. A mir loossen elo déi Gewerkschaftsspillereien an dat klengt Ronderëm ewech. An dat ass dunn awer relativ fréi, wou mer zeréck an d'Schoul gaange sinn, erëm ugaangen. An ech hunn, muss ech soen, déi zwee, dräi Méint wou mer dat konnten op der Säit loossen awer och genoss, an et war eigentlech méi e flott Schaffen."

Verpassten Debat iwwer Direktiounsposten

E "mea culpa" mécht de Minister, wat seng Pläng ubelaangt fir d'Direktiounsposten am LTPS, an der Hotels- an der Akerbauschoul och fir Kandidaten opzemaachen, déi net Lycées-Proff sinn.

Et géif him Leed doen, datt hien de Projet de loi 7662 op den Instanzewee geschéckt hätt, ouni virdru mat de Gewerkschafte geschwat ze hunn.

Zil vun deem Gesetz ass et, d'Direktiounsposten am Lycée Technique pour professions de santé, an der Akerbau- an an der Hotelsschoul och fir Kandidaten opzemaachen, déi net Lycées-Proff sinn. De Projet war jo kuerzfristeg vum Ordre du jour vun der Chamber geholl ginn. En ass domat awer net vum Dësch.

Esubal nees méi Rou ass, géif hien déi verpassten Diskussioun nohuelen. Hie géif och net mordicus um Projet festhale wëllen, seet de Minister.

Wann en de verschiddenen Acteuren net géif sënnvoll erschéngen, hätt hie kee Problem den Text zréckzezéien. Géint eng Ënnerstellung, déi him an deem Kontext gemaach gouf, wiert de Claude Meisch sech awer energesch: de Reproche, hie wéilt d'Schoul ëmmer méi privatiséieren.

"Wann Dir sot, wéini esou Virwërf mech treffen, dann ass et schonn, wann do iergendeppes behaapt gëtt, wat wierklech de Contraire ass vun deem, wat ech gleewen, wat ech wëll maachen, a woufir ech mech engagéieren."