Lëtzebuerg wier de Moment am gaangen, seng Defense-Ausgaben vu ronn 0,4 Prozent op 0,6 Prozent ze vergréisseren, esou de Verdeedegungsminister. Wann een zwee Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung wéilt erreechen, missten d'Militär-Depensen all Joer ëm 800 Millioune Euro erop gesat ginn. Beim beschte Wëlle wéisst hien net, wéi een dat géing maachen, esou den Etienne Schneider.
"Ech mengen datt zwee Prozent illusoresch ass. Mir mussen elo kucken, wéi mir eis politesch zu Lëtzebuerg eens ginn a wéi mir dat bei der NATO kommunizéieren."
De Präis vum Weltpolizist
Bei der Fuerderung vu Washington no méi Sue vun den NATO-Partner, erënnert den Etienne Schneider un d'Roll vun den USA. Wann ee wéilt de Polizist vun der Welt spillen, da misst een och de Präis dofir bezuelen.
Datt d'USA hiren Engagement kéinten zeréckschrauwen, gleeft den Etienne Schneider deemno net. "D'USA huet strategesch Interêten an der ganzer Welt. An d'USA brauch d'NATO natierlech och fir hier predominant Positioun an der Welt kënnen duerzestellen." Hie géif éischter dovun ausgoen, datt déi Ukënnegung wier fir Drock ze maachen.
Präsenz op der Ost-Flank
De Moment gi fënnef vun den 28 Member-Staate vun der nord-atlanescher Militärallianz méi wéi zwee Prozent vum PIB fir d'Defense aus. Bei der NATO zu Bréissel wier widderholl ginn, datt déi 28 Memberen ee fir deen aneren astinn, esou de Minister weider. D'Präsenz op der sougenannter Ost-Flank soll verstäerkt ginn.
Et géif een en Rei Manövere maachen a Präsenz weise fir d'Signal Richtung Russland ze ginn, datt d'NATO géif zuenee stoen. "An datt se net sollen op d'Iddi kommen ee Fouss op NATO-Terrain ze setzen."
Lëtzebuerg bedeelegt sech vum zweete Semester dëst Joer u mat 22 Zaldoten un enger NATO-Missioun a Litauen.