Podcast Schlechte Schüler: Transkript vun der Episod 5

Kann d'Schoul an den deiere Gemenge ronderëm d'Stad Lëtzebuerg bleiwen, wéi se ass? Ëm déi Fro geet et an der 5. Episod vun eiser Podcast-Serie. Hei drënner fannt Dir den Transkript vun der Episod "Am Speckgürtel".

Pierre Reyland a Pia Oppel

Transkript_Visuell_Ep5.jpg

Danièle-Hartert Et ass awer schonn e bëssen eng High Society, wann een dat esou däerf soen. Well et hei wierklech eng deier Gemeng ass.

Marc Schumacher Ech weess elo net, ob et hei manner Auslänner gëtt. Mee wann et Auslänner sinn, da sinn et awer och oft Auslänner mat Diplom. An déi kënnen hire Kanner ganz oft hëllefen.

Mamm Meng Meedchen, d'Stéphanie, ech weess nach ëmmer net, ob deen traditionelle System hir passt oder net. Ech mengen net. Mee dofir musse mir elo eng Alternativ sichen.

Pia Oppel Déi zwee Enseignanten an d'Mamm, déi Dir grad héieren hutt, sinn all vu Kielen. Ech hu si net interviewt. Dat war mäi Redaktiounskolleeg Pierre Reyland, dee mat mir un dësem Podcast schafft.

De Pierre huet mir eng Kéier ee Message geschéckt, wéi hie grad zu Kielen am fënnefte Schouljoer am Mathésunterrecht souz. Hie géif sech grad a seng eege Grondschoulzäit zeréckversat fillen. Mee an dëser Episod geet et net ëm Nostalgie. Ausser vläicht e bëssen, tëschent den Zeilen.

Mäin Numm ass Pia Oppel, an et ass net u mir, fir Iech vu Kielen ze verzielen. Hei iwwerhëlt elo de Pierre.

Pierre Reyland An dëser Episod geet et ëm eng aner Siicht op d'Problemer an eisem Schoulsystem. Zu Kielen an der Schoul ginn et op den éischte Bléck wéineg Problemer. An dat aus verschiddene Grënn. Trotzdeem gi sech och zu Kiele Froen iwwer Sproochenhürden an eisem Schoulsystem gestallt.

Mäin Numm ass Pierre Reyland. Ech si Journalist beim radio 100,7. An haut verzielen ech Iech d'Geschicht vun engem Schlechte Schüler. Gemengt ass nach ëmmer eise Schoulsystem, deen an internationale Vergläicher schlecht ofschneit. Ee Schoulsystem, an deem méi oder och manner Kanner scheiteren, jee nodeems, wou si wunnen.

Schlechte Schüler, ee Podcast vum radio 100,7. Episod 5: Am Speckgürtel.

Luc Schmitt Hei komme mir elo an de Schoulwee. A mir ginn elo da Richtung Schoul, an do huele mir de Schoulwee.

Pierre Reyland De Luc Schmitt trëppelt normalerweis mat sengem Bouf moies an d'Schoul. Dee geet zu Kielen an d'fënneft Schouljoer. Mee haut hëlt hie mech mat dohin, iwwer de "Schoulwee". Eng Strooss, déi sou heescht, an engem Kielener Wunnquartier.

Luc Schmitt Hei spadséiere mer all Moien, ausser wann et, wéi mir op Lëtzebuergesch soen, al Frae reent, dann huele mir den Auto.

Pierre Reyland De Luc Schmitt wunnt direkt nieft dem Schoulwee. Hien ass Coordinateur vum Kielener Elterecomité.

Pierre Reyland Gi vill Kanner zu Fouss an d'Schoul zu Kielen?

Luc Schmitt Euh, et ginn der eng Rei, jo. Mee wann ee moies um aacht Auer um Parking bei der Schoul ass, do sinn awer ganz vill Autoen. Do ass dann och meeschtens ee vun der Gemeng, deen oppasst, datt keen iwwerrannt gëtt.

Pierre Reyland Am Moment ass et awer roueg hei. A mir trëppele weider iwwer de Schoulwee. Laanscht grouss Haiser mat Vue op Wisen a Felder.

Pierre Reyland An hei de Quartier, wou mir grad derduerch ginn, wéi eng Nationalitéiten trëfft een hei?

Luc Schmitt Jo, hei trëfft ee wierklech vun allem. Nieft de Lëtzebuerger huet ee ganz sécher Skandinavier, Englänner, Amerikaner, Däitscher, Fransousen, Portugisen, Italiener ... also wierklech, wierklech vun allem.

Vue que datt mer am, wéi déi Däitsch soen, am Speckgürtel vun der Stad Lëtzebuerg hei sinn, datt et awer elo Kielen och kee bëllege Pflaster ass.

Pierre Reyland Beim Luc Schmitt doheem. Hien ass Chef vun enger Firma am Finanzsecteur a wunnt zanter 15 Joer zu Kielen. D'Gemeng huet haut méi wéi 6.000 Awunner. Viru 40 Joer war et d'Hallschent. Mee och haut huet Kielen nach e ländleche Charakter.

Luc Schmitt Huet Kielen elo nach en Duerfliewen? Mengen ech schonn. Zu Kielen léisst et sech gutt liewen. Jiddweree kennt awer jiddwereen. Et gëtt geklaatscht a getraatscht, wéi dat mengen ech an engem Duerf och soll sinn.

Pierre Reyland A wann elo een, deen nach ni zu Kielen war. D'Grondschoul zu Kielen, wéi kann een déi beschreiwen?

Luc Schmitt D'Grondschoul zu Kielen, wéi kann een déi beschreiwen? Ech mengen, datt d'Schoul zu Kielen e relativ gudde Ruff huet. Ech mengen, datt mir gutt Léierpersonal hei an der Grondschoul hunn. Déi Schoul déi ass, jo, flott. Et misst een eigentlech och d'Kanner froen. Ech mengen, dat maacht dir jo och. Ech mengen, datt d'Kanner am Allgemenge gären hei zu Kielen an d'Schoul ginn.

Pierre Reyland An, si kommen och zimmlech gutt duerch d'Schoul zu Kielen. Wäit iwwer d'Hallschent ginn an de Lycée Classique orientéiert. Däitlech méi wéi den nationalen Duerchschnëtt vu ronn 40 Prozent. Kielen ass keen Eenzelfall. Am leschte Bildungsbericht vun der Uni Lëtzebuerg ass eng Landkaart, wou ee gesäit, datt all déi deier Gemenge ronderëm d'Stad vill méi Kanner an de Classique schécken, wéi dat am Rescht vum Land de Fall ass.

A gewéinlech ginn eben déi Kanner an de Classique geschéckt ginn, déi an der Grondschoul am Beschten ofschneiden. D'Orientatioun no der Grondschoul spigelt also dat erëm, wat d'Bildungsfuerscher generell iwwer de Lëtzebuerger Schoulsystem feststellen: Wat d'Eltere méi verdéngen, wat d'Kanner besser an der Schoul ofschneiden - egal wéi eng Sprooch si doheem schwätzen.

Amélie Hallo Monsieur, ça va?

Pierre Reyland Och zu Kielen fänkt d'Schoul fir déi meescht Kanner mam Precoce un.

Danièle Hartert Une étoile um Himmel. Wat ass dat op Lëtzebuergesch? Ee Stär. Ee Stär.

Kand Ee Stär.

Danièle Hartert Ee Stär op Lëtzebuergesch.

Ech weess, datt zanter Jore schonn net méi vill Lëtzebuerger Kanner hei sinn.

Pierre Reyland D'Danièle Hartert schafft zanter 21 Joer hei am Kielener Precoce

Danièle Hartert Et sinn nach vill Kanner hei, déi d'Lëtzebuerger Nationalitéit hunn, oder déi hei gebuer sinn, wou am Elterenhaus awer kee Lëtzebuergesch geschwat gëtt. Et ginn och ganz vill Famillen, wou zwou Sprooche geschwat ginn, oder dräi Sproochen esouguer geschwat ginn.

Kand Doheem ech schwätze Franséisch.

Pierre Reyland An hei?

Kand Lëtzebuergesch.

Kand Uia, Uia, Uia.

Pierre Reyland Wat ass dat fir eng Sprooch? Uia, Uia, Uia ?

Kand Näischt.

Danièle Hartert Also hei an der Klass waren am Ufank dräi, véier Kanner, déi Lëtzebuergesch richteg geschwat hunn. Da waren der nach e puer, déi et schonn e bëssen am Ouer haten. An da war awer méi wéi d'Hallschent, déi guer kee Lëtzebuergesch geschwat hunn.

Pierre Reyland Um Enn vum Schouljoer geet dat scho vill besser.

Amélie Ech ginn an d'Plage an d'Piscine, an ech gi schwammen, an der Plage an an der Piscine.

Pierre Reyland D'Danièle Hartert ass selwer zu Kielen opgewuess. An hire Beruffswonsch stoung scho fréi fest.

Danièle Hartert Ech sinn e Kielener Meedchen. Ech sinn zu Kielen an d'Spillschoul gaangen. Ech hu säit der Spillschoul ëmmer gesot, ech ginn och eng Joffer Danièle. Well ech hat an der Spillschoul eng Joffer Danièle. An ech war ëmmer faszinéiert. A wat ech ëmmer esou gezielt kritt hunn, hunn ech och ëmmer der Joffer gehollef. A vun do un hunn ech ëmmer gesot, ech ginn och Spillschoulsjoffer. Ech ginn och eng Joffer Danièle. An du sinn ech da vun Ufank un an de Precoce schaffe komm. Säit et an der Gemeng Kielen eben de Precoce gëtt, sinn ech hei.

Pierre Reyland An deene Joren huet d'Danièle Hartert och e sozio-ekonomesche Wandel materlieft.

Danièle Hartert Also, déi lescht Joren ass et explodéiert. Bon iwwerall, mee hei, mir kommen awer no u Stroossen, Mamer erun, un de Präisser, oder wéi d'Stad.

Pierre Reyland Mierkt een dat iergendwéi un den Eltere respektiv hire Kanner, déi heihinner kommen?

Danièle Hartert Also, ech weess net, ob ech dat esou däerf soen. Mee ech fanne schonn, datt een déi lescht Jore wierklech mierkt, do si wierklech Elteren, jo, déi awer deck Autoen hunn. A Club Med all Vakanz, wou hir Kanner nach betreit ginn an der Vakanz. Et ass awer schonn e bëssen eng High Society, wann een dat esou däerf soen.

Pierre Reyland D'Kielener Schoul huet ee gudde Ruff. An dat spillt beim Choix fir heihinner wunnen ze kommen eng Roll, mengt d'Danièle Hartert.

Danièle Hartert Ech weess vun der Gemeng, datt vill Leit uruffen a sech informéieren, iwwer d'Schoul, iwwer d'Maison relais, an éier si plënneren. Jo, wa si wëllen an der Gemeng Kiele wunnen, si si forcement och forcéiert quasi ganz schaffen ze goen, well et hei awer wierklech eng deier Gemeng ass. Awer dofir ass d'Schoul awer och doropper ugepasst. Also, et gëtt ganz vill. Si hunn eng ganz gutt Museksschoul, ganz vill Sportinfrastrukturen, de Fussball bitt ganz vill. Doduerch komme vill Leit gär heihinner wunnen.

Pierre Reyland Mee net jiddweree gräift aus finanzielle Grënn op déi ausserschoulesch Betreiung zeréck.

Danièle Hartert Ech weess och, et kënnt och ëmmer erëm mol vir, datt d'Kanner an der Maison Relais sinn, well d'Elteren dann, well d'Eltere gär Golf spille ginn, oder si gi reiden. Et kënnt ëmmer erëm vir, datt een dat awer gewuer gëtt, datt si d'Kanner hei deposéieren, a si maachen hire Sport.

Danièle Hartert a Kanner [sangen] A ganz lues, soen ech dir, Mamma ech si frou mat dir.

Marc Schumacher Wir sind im Deutschen. Und: Eins, zwei, drei!

Kanner [am Chouer] Die Erde, der Laden, die Mandarine.

Pierre Reyland De Marc Schumacher hält schonn 23 Joer laang Schoul zu Kielen. An hien hat bal ëmmer en éischt an zweet Schouljoer.

Marc Schumacher Ech hunn deen heiten Alter vum C2 schrecklech gär. Hei am éischte Schouljoer ass ganz vill Educatioun. Ganz vill Educatioun. Mee d'Kanner, déi ginn der extreem vill zeréck. Esou bal wéi et Spaass mécht, da kommen si, si ëmäermelen dech, si huelen dech an den Aarm. Si soen, hei dat do war super, maache mir dat muer nach eng Kéier? Du kriss einfach all Dag e wonnerschéine Retour. Soss géif ech et net maachen.

Haben Frösche kein Zähne?

Kanner [am Chouer] Nein.

Marc Schumacher Wirklich nicht?

Kanner [am Chouer] Nein!

Pierre Reyland Zu Kielen hätten d'Kanner net vill Problemer mam Däitschen. Och wa just d'Hallschent Lëtzebuergesch als éischt Sprooch doheem schwätzt.

Marc Schumacher Well si hei och am Precoce waren, hei an der Spillschoul waren. Dat hëlleft natierlech extreem. A si schwätzen awer all Lëtzebuergesch.

Pierre Reyland Vun de 16 Kanner beim Marc Schumacher an der Klass ass just eent, d'Assaitou, wat kee Lëtzebuergesch kann. Hatt koum viru Kuerzem aus Guinea op Kielen.

Marc Schumacher Mee dat léiert elo Lëtzebuergesch. An et ass scho gutt ënnerwee. An et schwätzt awer wéinstens e bësse Franséisch. Dat heescht, ech ka mech awer mat all Kand an der Klass fléissend ënnerhalen.

Marc Schumacher Klatsch lénks, Klatsch riets, Klatsch allen zwou.

Marc Schumacher a Kanner Ein Land, am Strand, am Meer, oho.

Pierre Reyland Am Däitsche schafft de Marc Schumacher vill mat Musek a Rhythmus.

Marc Schumacher Mir maachen all Dag Musek an der Klass. Mir léieren all Woch en neit Lidd oder en neit Gedicht. An dat gëtt iwwer d'ganz Woch geüübt, all Dag. Dat musse si herno auswenneg kënnen, rhythmesch, klatschen, mat engem Danz derbäi. An iwwer dee Wee léiere si de ganze Sazbau. Och Artikelen. Dat kënnt jo do dann herno ganz natierlech. Ouni musse Grammaire ze erklären.

Pierre Reyland Verschidde Kanner hunn zwar nach Schwieregkeeten. Well d'Bréck vum Lëtzebuergeschen zum Däitsche funktionéiert net gutt fir jiddwereen.

Marc Schumacher Jo, dat mierkt ee ganz kloer bei den Artikelen. Fir d'Francophonen ass dat méi schwéier.

Pierre Reyland Mee de Marc Schumacher mengt net, datt een dofir zu Kielen eppes Fundamentales misst änneren, an nieft Däitsch och eng Alphabetiséierung op Franséisch misst aféieren.

Marc Schumacher Ech mengen net. Dee Besoin besteet also bei eis eigentlech net. Vläicht méi op anere Plazen am Land, mee awer elo bei eis zu Kielen, ech gesinn do elo net de Besoin op Franséisch ze alphabetiséieren. Also dat Däitscht funktionéiert scho ganz gutt.

Pierre Reyland Zu Kiele kann also alles beim Ale bleiwen. Mee muss et awer net, mengt de Marc Schumacher. Well och hie fënnt, datt et ee Problem mat de Sproochenhürden an eisem Schoulsystem gëtt.

Pierre Reyland Moien

[Hond billt]

Pierre Reyland Och de Marc Schumacher wunnt ganz no bei der Schoul. Seng Fra ass Englesch-Proff. Si hu véier Kanner an en Hond.

[Hond billt]

Marc Schumacher Nee. Zola! Zola!!

Wéi bis op 4ème alles op Franséisch war, du ass et op eemol an den Niewefächer net méi gaangen. Awer net, well hien d'Niewefächer net gär huet oder net versteet, mee well alles op Franséisch ass. A well hien déi Sprooch haasst. A well hien net wëllt an där Sprooch léieren.

Pierre Reyland De Marc Schumacher schwätzt hei net iwwer ee vu senge fréiere Schüler an der Grondschoul zu Kielen. Mee iwwer säi Fils am Lycée. Op 4ème war dee bal um Franséische gescheitert.

Marc Schumacher A wéi en dunn an de Kolléisch gewiesselt ass, op d'IB-Sektioun, déi englesch Filière am Kolléisch, du war alles op Englesch. An hei! Op eemol geet et. Dobäi ass d'Matière net onbedéngt eng aner. Mee et ass eng aner Sprooch!

Pierre Reyland Dat huet him gehollef de Lycée ze packen. Haut ass dem Marc Schumacher säi Fils an England op der Uni.

Marc Schumacher Wou ech wierklech ganz frou war, datt et déi Solutioun gouf.

Pierre Reyland De Marc Schumacher ass iwwerzeegt, datt d'Erfarung vu sengem Fils keen Eenzelfall ass.

Marc Schumacher An dofir missten och d'Lëtzebuerger. Mir denke ganz vill un d'Auslänner, mee mir denke net un d'Lëtzebuerger. D'Lëtzebuerger missten och d'Méiglechkeet kréien, op Däitsch do ze fueren. Dat wier mir op jiddefall immens wichteg.

Pierre Reyland De Marc Schumacher gesäit also méi generell ee Problem mat de Sproochen am Lëtzebuerger Schoulsystem. Wou déi eng an der Grondschoul iwwer dat Däitscht trëllen, anerer duerno am Lycée iwwer d'Franséischt.

Dat werft d'Fro op, wéi sënnvoll et ass, datt een zu Lëtzebuerg iwwer véier Sproochenhürde muss sprangen, éier ee ka beweisen, ob ee gutt an der Mathé oder an der Geschicht ass.

Dowéinst fënnt de Marc Schumacher et richteg, datt et och an der Grondschoul soll Alternative ginn. Ebe well hie weess, wat et bedeit un enger Sprooch ze scheiteren, huet hien eng pragmatesch Siicht op dës Fro. Och wat d'Grondschoul zu Kielen ugeet.

Marc Schumacher Wa bei eis de Besoin besteet, da wäert bestëmmt och eng Klass esou lafen. Datt do da Kanner hikommen, déi d'Alphabetisatioun op Franséisch maachen. Mee mir ënner eis sinn eis op jiddefall am Moment eens, datt mir esou eng Klass elo net brauchen. Mee dat hänkt ëmmer dervun of, wéi d'Demande ass. Wann d'Demande vläicht do eng Kéier méi grouss gëtt, da gëtt vläicht eng Kéier esou eng Klass opgemaach zu Kielen.

Pierre Reyland Dir schwätzt awer heiansdo doriwwer?

Marc Schumacher Jo, sécher. An eiser Concertatioun hu mir och doriwwer geschwat. Awer elo net: Maache mir esou eng op oder net? Mee et ass einfach doriwwer geschwat ginn. Bei eis ass am Moment awer elo keen, dee wéilt switchen, vun de Schoulmeeschteren, an dat elo op eemol op Franséisch maachen. Also net, datt ech wéisst.

Pierre Reyland De Marc Schumacher selwer wëllt och net switchen. Eng Alphabetisatioun op Franséisch géif hie wann, da léiwer méi jonke Kolleegen iwwerloossen.

Marc Schumacher Ech hunn dat allerdéngs perséinlech geléiert, well ech dat zu Virton gemaach hunn. Ech hu mäin Diplom zu Virton gemaach. Ech weess, wéi een op Franséisch alphabetiséiert. Mee ech sinn elo esou dran an dem Däitschen. Ech mengen, ech géif elo net switchen.

Pierre Reyland Seng Première huet de Marc Schumacher iwwregens och net zu Lëtzebuerg gemaach. Well hien, d'selwecht wéi säi Bouf am Lycée, mam Franséischen net Eens ginn ass. D'Ironie vun der Geschicht ass, datt hie seng Première dunn awer nach krut. Zu Metz a Frankräich.

Datt hien et a Frankräich méi einfach hat mam Franséischen, géif dem Marc Schumacher no doru leien, datt déi franséisch Sprooch a Frankräich anescht enseignéiert gëtt wéi am Lëtzebuerger Schoulsystem.

Marc Schumacher A Frankräich, do war mäi Franséisch definitiv gutt genuch. Dat heescht, mäi Mëndlecht koum relativ gutt. Well d'Fransousen eigentlech an der Rechtschreiwung guer net esou staark sinn. An hirer eegener Sprooch. Si leeë guer net esou vill Wäert do drop. An dat Schrëftlecht, dat gëtt hei zu Lëtzebuerg ganz gutt antrainéiert. Et gouf op jiddwer Fall déi Zäit gutt trainéiert. Mir leeën immens vill Wäert op dat Schrëftlecht. A mir leeën d'Lat extreem héich an de Sproochen.

Pierre Reyland De Marc Schumacher ass iwwerzeegt: Iwwer déi Lat wier hien zu Lëtzebuerg net komm.

Marc Schumacher Wann ech net de Wee iwwer d'Ausland gewielt hätt, da wär ech mat Sécherheet haut net Schoulmeeschter.

Pierre Reyland Dat ass keen Eenzelfall?

Marc Schumacher Absolut net. Ech hunn e ganze Koup Kolleegen, déi deemools mat mir am Ausland waren. A vill vun hinne sinn tatsächlech haut am Enseignement.

Pierre Reyland Déi och deemools Problemer haten am Franséischen?

Marc Schumacher Déi och deemools Problemer haten am Franséischen. Déi a Frankräich gaange sinn, an do et gepackt hunn. Déi an d'Belsch gaange sinn, an do et am Franséische gepackt hunn, mee hei zu Lëtzebuerg net. An dat ass richteg traureg.

Pierre Reyland Haut huet hie Franséisch gär a schreift fir seng Schoulkanner esouguer Lidder an där Sprooch.

Marc Schumacher [séngt] J'ai deux oreilles, un nez et un menton. Dis-moi ton nom, pour continuer la chanson.

Pierre Reyland De Marc Schumacher huet seng Gittar erausgeholl. D'Kanner si wibbeleg a prett fir an d'Paus. Mee virdru gëtt nach gesongen.

Marc Schumacher [séngt] Et je commence, je commence à danser!

Pierre Reyland Wat schwätzt du doheem?

Stéphanie Ech schwätzen Englesch. Meng Mamma ass vum Portugal. A meng Pappa ass vun England.

Pierre Reyland A Lëtzebuergesch an Däitsch geet awer?

Stéphanie Mhm, e bëssi.

Pierre Reyland Wat ass da méi schwéier? Lëtzebuergesch oder Däitsch?

Stéphanie Déi zwee.

Pierre Reyland Dat ass d'Stéphanie. Eng Schülerin am éischte Schouljoer beim Marc Schumacher. Hatt huet vill Schwieregkeeten an der Schoul. Datt dat eppes kéint mat de Sproochen ze dinn hunn, huet seng Mamm eréischt méi spéit erausfonnt. Mee dozou gläich méi.

U sech ass jiddwereen dovunner ausgaangen, d'Sprooche wieren net de Problem. Och dem Stéphanie säi Schoulmeeschter.

Marc Schumacher Dat läit net um Däitschen. Dat ass éischter Konzentratioun. Dat ass éischter, et ass immens vill an de Wolleken. Dat ass en anere Problem.

Mamm Well ech do nach ganz jonk war.

Pierre Reyland Beim Stéphanie doheem.

Mamm Ganz komplizéiert, well de sechste Schouljoer.

Pierre Reyland Mat senger Mamm schwätzen ech iwwer d'Schoul. Si hat selwer e schwierege Schoulparcours zu Lëtzebuerg. Si koum 1979 aus Portugal heihin. Am sechste Schouljoer ...

Mamm ... hat den Här Lehrer schonn zu mir gesot, ech bräicht den Examen net ze maachen, ech géif dat net packen.

Pierre Reyland Si huet den Opnamexamen awer probéiert, a gepackt.

Mamm An du sinn ech nach an de Lycée Technique komm.

Pierre Reyland Dat goung dunn ee Joer laang.

Mamm Do hate mir d'Méiglechkeet, fir ee Joer op Franséisch ze maachen. D'Niewefächer, dat war alles op Franséisch ...

Pierre Reyland Mee du goung et net méi, wéinst dem Däitschen.

Mamm Nee. Do hunn ech missen awer vum Lycée wiesselen, an an der Belsch meng Première maachen.

Pierre Reyland Zéng Joer méi spéit goung si nach eng Kéier an d'Belsch op d'Uni.

Mamm Jo, do hunn ech erëm studéiert fir Educatrice graduée. An dunn hunn ech nach zwee Joer Uni, Psycho gemaach. An do war ech schwanger, an do hunn ech dunn opgehalen.

Pierre Reyland Dem Stéphanie seng Mamm mécht sech vill Gedanken doriwwer, fir wat hir Duechter et an der Grondschoul zu Kielen esou schwéier huet.

Mamm Meng Meedchen d'Stéphanie, ech weess nach ëmmer net, ob deen traditionelle System hir passt oder net. Ech mengen net. Mee dofir musse mir elo eng Alternativ sichen.

Pierre Reyland Si wier awer mam Schoulmeeschter, Marc Schumacher, senger Aschätzung d'accord, beim Stéphanie wieren net onbedéngt d'Sproochen de Problem.

Mamm Nee, et ass scho gesot ginn, datt d'Stéphanie ze vill dreemt. Mee ech hunn och scho mam Stéphanie geschwat, wat kéint dat sinn? An da seet hat oft: Jo, si soen, datt ech domm sinn. Dunn hunn ech gesot: Nee, du bass net domm.

An ech weess net, wat ech soll maachen, fir datt hatt awer weiderkënnt.

[Telefon schellt]

Mamm Jo, hallo!

Pierre Reyland Jo, hallo. Et ass de Pierre hei vum 100,7. Geet et elo?

Mamm Jo, ganz gutt.

Pierre Reyland Also d'Stéphanie, hunn ech héieren, ass net méi zu Kielen an der Grondschoul. Wou ass et dann elo?

Mamm Hatt ass elo an der International School of Lëtzebuerg.

Pierre Reyland Dat ass d'ISL, eng privat international Schoul, zu Hollerech. Do ass iwwregens och schonn dem Stéphanie säi Brudder. D'Eltere wollte fir hir Duechter net onbedéngt eng privat Schoul wielen. Si hunn och bei deene gratis ëffentlechen internationale Schoule probéiert.

Mamm Mee do hate se awer keng Plaz méi. A vu datt hatt esou vill Schwieregkeeten hat, hu mir awer an der Vakanz iwwerluecht, komm mir probéiere dann an ISL. An do hu se gesot, hei, dat ass kee Problem.

Pierre Reyland Vun dëser Rentrée un ass d'Stéphanie also elo an der privater International School zu Hollerech. D'Haaptfächer sinn do all an där Sprooch, déi hatt doheem schwätzt, Englesch.

Mamm Mir mierke scho ganz vill, datt hatt do vill méi op ass. Datt hatt do vill Saache léiert. Mathé zum Beispill, wou hat immens Problemer hat, fir awer ze rechnen. Datt si do anescht Mathé enseignéieren. Datt hatt elo immens gär Mathé mécht. Hat huet do extra Leit, déi elo mat him e bësse méi Zäit verbréngen.

Pierre Reyland Déi privat international Schoul ass awer bekanntlech relativ deier. Hutt Dir do missen iwwerleeën? Ass dat net eng finanziell Belaaschtung fir Iech elo?

Mamm Et ass deier. Dat stëmmt. An et sinn och vill Famillen, déi sech dat net kënne leeschten. Dat stëmmt och. Mee eise Point de Vue ass: Mir maachen heiansdo och een Emprunt fir en Auto ze kafen, oder fir eng zweeten Appartement. Mir hunn elo hei méi votéiert, fir eng gutt Educatioun eise Kanner ze ginn.

Pierre Reyland D'Stéphanie ass zu Kiele keng Ausnam. Zejoert ass all fënneft Kand am Grondschoulalter aus der Gemeng Kielen an eng Privat-, Europa- oder international Schoul gaangen.

"Et si vill Famillen, déi sech dat net kënne leeschten". Dës Iwwerleeung vum Stéphanie senger Mamm huet mech erënnert un eppes, wat de Marc Schumacher mir sot, dem Stéphanie säi fréiere Schoulmeeschter zu Kielen.

Marc Schumacher Ech weess elo net, ob et hei elo manner Auslänner sinn, wéi op aner Plazen. Mee wann et Auslänner sinn, da sinn et awer och oft Auslänner mat Diplom. An déi kënnen hire Kanner ganz oft hëllefen. Oder si hu vläicht Geld a kënnen eng Nohëllef bezuelen. Oder si fanne Solutiounen.

Pierre Reyland Si fanne Léisungen a si huelen Afloss op de Schoulsystem. Ëm d'Muecht vun Eltere geet et an der nächster Episod.

Schlechte Schüler, ee Podcast vum radio 100,7. Recherche a Redaktioun: Pia Oppel a Pierre Reyland. Mat der Ënnerstëtzung vum Tessy Troes, Jean-Claude Franck, Rick Mertens, Chris Zeien a Semir Demic. Toun a musikalesch Arrangementer: Chris Simon. Koordinatioun: Yves Stephany.

Eis Titel-Musek, de "Gassenhauer" aus dem Orff-Schulwerk ass ënner der Leedung vum Laurent Warnier vu Schülerinnen a Schüler am Stater Conservatoire opgeholl ginn. Merci dem Joé Alff, Constantin Barbu Ravoux, Michael Calnan, Felix Dunkel, Laurie Krier, Ina Molakava, Lola Schleicher, Julian Seredynski, Youqian Lulu Pang, Louis Thill an Eloïse Twimumu.

Méi zum Thema

Schlechte Schüler_Visual_1200x667-01.jpg
Podcast

Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? An eiser éischter grousser Podcast-Serie huele mir Iech mat an d'Schoul. Op d'Sich no Äntwerten.

Transkript_Visuell_Episod 1.jpg
Podcast

Am éischten Deel vun eiser Podcast-Serie iwwer de Lëtzebuerger Schoulsystem geet et ëm d'Fro: Firwat scheitere vill Kanner schonn esou fréi an hirem Schoulparcours?

Transkript_Visuell_Ep2.jpg
Podcast

Et gëtt scho laang versicht de Schoulsystem méi gerecht ze maachen. Am zweeten Deel vum neien 100,7-Podcast geet et ëm d'Fro, firwat déi Versich gescheitert sinn.

Transkript_Visuell_Ep3.jpg
Podcast

Léisen déi ëffentlech Europaschoulen d'Problemer vun eisem Schoulsystem? Ëm déi Fro geet et am drëtten Deel vun der 100,7-Podcast-Serie "Schlechte Schüler".

Transkript_Visuell_Ep4.jpg
Podcast

Zu Schëffleng léiert elo eng Schoulklass op Franséisch Liesen a Schreiwen. Wat kann ee sech vum Pilotprojet erwaarden? Ëm déi Fro geet et an der véierter Episod vum "Schlechte Schüler".

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen