Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schlechte Schüler - Déi nei Podcast-Produktioun vum 100,7

Podcast

Schlechte Schüler - Déi nei Podcast-Produktioun vum 100,7

Wéi eescht huele mir zu Lëtzebuerg d'Versprieche vun engem gerechte Schoulsystem? An eiser éischter grousser Podcast-Serie huele mir Iech mat an d'Schoul. Op d'Sich no Äntwerten.

auto_stories

1 min

"Schoulparcoursen zu Lëtzebuerg si ganz fréi virbestëmmt". Dëse Saz aus dem leschte Bildungsbericht ass den Ausgankspunkt vun enger journalistescher Recherche iwwer Inegalitéiten am Schoulsystem.

D'Pia Oppel an de Pierre Reyland huelen Iech mat op eng Rees an d'Schoulwelt vu gëscht an haut. Kanner, Elteren, Enseignante verzielen, firwat an der Grondschoul scho villes schiif leeft. A wat een dorunner kéint änneren.

Schlechte Schüler - Eng Podcast-Serie a sechs Deeler. Vum 14. November u geet et all Woch fir eng nei Episod an d'Schoul.