Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schlecht fir de Journalismus zu Lëtzebuerg

Medien

Schlecht fir de Journalismus zu Lëtzebuerg

D'Lëtzebuerger Wort kritt en neie Chefredakter an domat eng nei Ausriichtung: Déi Nouvelle ass d'lescht Woch gefall. Nëmme véier Joer huet de Projet ugehalen, fir aus dem Wort eng politesch onofhängeg a kredibel Dageszeitung ze maachen. Dee Projet ass elo futti an dat ass net gutt fir d'Zukunft vum Journalismus zu Lëtzebuerg.

auto_stories

5 min

Jean-Claude Franck

Viru véier Joer war d'Lëtzebuerger Press ganz houfreg: dat um Héichpunkt vun der Srel-Affair an dem Bommeleeër-Prozess an no de Presserevelatiounen an den Affairen Nicolas Schmit, Wickreng-Léiwéng a Cargolux. Um Neijoerschpatt fir d'Press am Januar 2014 hunn d'Journaliste sech selwer gefeiert, wéi wann eppes Historesches geschitt wier. Wat e Joer.

Zur selwechter Zäit huet de Bistum als Proprietaire vun der gréisster Dageszeitung gréng Luucht ginn, fir en ambitiéise Projet: an zwar fir aus dem Lëtzebuerger Wort eng onofhängeg a kredibel Dageszeitung ze maachen, déi sech vu kenger Partei an och soss kengen Acteure diktéiere léisst, wouriwwer a wéi si hir Artikelen ze schreiwen huet. D'Wort hat bis dohi just nogekuckt, wéi Anerer sech emanzipéiert hunn a selwer keng Roll méi gespillt. Hannergrond fir de Richtungswiessel deemools war natierlech och en ekonomeschen: Den deemolege Conseilspresident Erny Gillen huet op eng Ouverture gesat, fir d'Zeitung iwwerliewensfäeg ze maachen.

D'Wort huet sech dono zum Positive verännert

De Jean-Lou Siweck huet dee Projet verkierpert: "Als ich diesen Posten angenommen habe, habe ich zur Bedingung gemacht, dass die Zeitungsredaktion unabhängig arbeiten kann, und dass keine Partei der Redaktion in irgendeiner Form näher stehen sollte". D'CSV huet déi Pëll misse schlécken.

D'Wort huet sech dono zum Positive verännert: D'Zeitung ass méi kritesch ginn, huet sech vun der CSV geléist, an huet virun allem nei Forme vu Journalismus ausprobéiert. Natierlech ass et net ëmmer gelongen: et sinn och Feeler geschitt, Geschichte sinn ze räisserech opgezu ginn, an equilibréiert war et net ëmmer. Mä de Wëlle war do, d'Richtung huet gestëmmt. Grad eng Zeitung wéi d'Wort ännert een net vun haut op muer.

Mä de Projet ass jo elo souwisou gescheitert. Datt de Bistum als Proprietaire eng nei Richtung aschloe wëll, ass säi gutt Recht. Och ënnert dem Jean-Lou Siweck huet d'Wort u Lieser verluer, genee sou wéi déi meescht aner Dageszeitungen.

Net de Bistum ass déi dreiwend Kraaft dohannert

Allerdéngs ännert een d'Richtung net all puer Joer. Dat ass net fair vis-à-vis vu senge Lieser an och net vu senge Journalisten. Grad déi, déi nei agestallt goufen, hunn un de parteipolitesch onofhängege Journalismus gegleeft, well hire Chefredakter huet deen an all Interview héich gehalen.

Problematesch ass déi spontan Neiausriichtung vum Wort och, well - anescht wéi bis elo geduecht - net de Bistum déi dreiwend Kraaft dohannert ass, mä e puer Conseilsmemberen, déi deelweis eng eegen Agenda hunn. De Jean-Lou Siweck huet net d'Dier geklaakt, wéi een dat bis elo konnt mengen, mä 100,7-Informatiounen no huet de Conseil dëse Mount decidéiert, datt en en neie Chefredakter wéilt, well de Jean-Lou Siweck zevill ofgeblockt huet.

Wann een da kuckt, wien am Conseil sëtzt, muss ee sech Froe stellen. De President ass keen anere wéi de fréieren CSV-(Medie)Minister, deen 2019 no den Europawahle wëll Lëtzebuerger EU-Kommissär ginn. Am Juni huet hien an enger Reunioun mat Journaliste gefrot, ob si et problematesch géife fannen, wann hien als President vum Verwaltungsrot politesch Ambitiounen hätt. D'Journalisten hu mat Recht op déi schwiereg Situatioun higewisen, de Luc Frieden huet dat net kënnen novollzéien.

Politesch a Business-Agenda vum Luc Frieden

Nieft senger politescher Agenda huet de Luc Frieden awer och eng Business-Agenda. Hien ass President vun der BIL, an huet domat kloer d'Interête vun der Finanzplaz am Bléck. An domat ass hien net eleng: dräi vu sechs Conseilsmembere sinn an deem Fall: De Luc Frieden, awer och de Frank Wagener, BIL-Éierepresident (a President vun der Bourse) an de François Pauly, fréiere BIL-Generaldirekter. Véierte Wirtschaftsvertrieder ass de fréiere Post-Direkter Marcel Gross. Datt virun allem déi dräi Finanzplaz-Vertrieder e Problem mat zum Beispill der kritescher Berichterstattung vum Wort am Kontext vun de Panama-Papers haten, läit op der Hand.

Am Juni, wéi de Luc Frieden sech wollt mat der Redaktioun gesinn, war net just de Ressort Politik dobäi, mä och d'Wirtschaftsredaktioun. E kloren Indice dofir, datt et hei net just ëm eng politesch Repositionéierung gaangen ass, mä och ëm de Wonsch no engem anere Wirtschaftsjournalismus. Datt de Gerard Lopez d'Wort op d'Geriicht geholl huet no sensibele Recherchen iwwert d'Roll vum Geschäftsmann a verschiddenen Dossieren, dierft de Conseil nach méi nervös gemaach hunn. De Geschäftsmann huet ronderëm gezielt, hie géif sech beim Verwaltungsrot beschwéieren.

Clientelismus a Favoritismus

Also, no deenen a villen aneren Episode gëtt de Chefredakter virun d'Dier gesat. An d'Redaktioun (trotz engem léif gemengte Message, datt si weider wëll onofhängeg sinn) an de Rescht vum Land kucken no, wéi d'Kredibilitéit, déi véier Joer laang probéiert ginn ass opzebauen, an engem Dag zerstéiert gëtt. Si mir mol éierlech: Et geet jo net ëm déi generell Ausriichtung vun enger Ligne editoriale. Et geet vill méi ëm déi vill kleng Saachen, déi fréier gaange sinn, an déi de Chefredakter probéiert huet ofzeblocken: Datt en CSV-Politiker léiwer sech op enger Foto gesäit, wéi de liberale Premier, datt deen een oder anere Betrib besser duergestallt gëtt an datt just nach do kritesch nogefrot gëtt, wou et dem Conseil an de Krom passt. Dat huet näischt méi mat der ligne editoriale ze dinn, mä mat Clientelismus a Favoritismus.

Souwäit ass déi gréissten Dageszeitung also komm. An engem Land, an deem déi aner Dageszeitungen entweder keng Moyenen hunn oder hir Séil genee sou parteipolitesch verkaaft hunn. Eigentlech misst ee sech an enger fräier Demokratie iwwert esou Zoustänn Suerge maachen ...