Radioen

On air

De Moien  |  Gilles Baum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schlecht fir d'Klima

Kommentar

Schlecht fir d'Klima

Vill Klimaschutzmesurë ginn esou séier zerriet wéi decidéiert. Deene meeschte Leit geet et dobäi guer net ëm Klimaschutz, mee dorëms al Gewunnechte bäi ze behalen, mengt de Jacques Ganser a sengem Kommentar.

auto_stories

2 min

Jacques Ganser (Foto: Jo Diseviscourt)

Et ass grad e bëssen ustrengend, d'Debatten a Saache Klimaschutz am In- an Ausland ze verfollegen. Et huet een den Androck, dat esoubal iergend eng technesch a wëssenschaftlech gutt duerchargumentéiert klimafrëndlech Technologie ufänkt sech duerch ze setzen, se och grad sou séier vu Kritiker zerrass gëtt. Oder Alternative virgeschloe ginn, déi wëssenschaftlech d'Strooss net halen oder ekonomesch net realistesch sinn.

Déi Argumenter kommen dacks vun interesséierter Säit. Mat eFuels a Waasserstoff an den Autoe kann d'Pëtrolsindustrie hire Knowhow, hir Raffinerien an hir existéierend Pipelinen weider benotzen. Bei Elektroautoen ass dat net de Fall, obwuel se grad derbäi sinn, sech um Marché duerchzesetzen an d'Autosindustrie sech schonn nei orientéiert huet. Natierlech sinn och si net d'Léisung fir alles.

Waasserstoff als ëmweltfrëndleche Brennmëttel?

Den neiste Match gëtt elo, méi intensiv zwar bei eisen däitschen Nopere wéi bei eis, ëm d'Heizunge gespillt. Wärend Länner wéi Dänemark, Schweden an Norwege schonn zënter 2013 net méi mat Mazout oder Gas hëtzen, mee just nach Wärmepompelen notzen, gëtt am Rescht vun Europa driwwer diskutéiert, ob dat iwwerhaapt fonctionnéiert.

Souguer Waasserstoff gouf elo rezent als ëmweltfrëndleche Brennmëttel fir Heizunge virgeschloen. Dobäi ass d'Heizunsgbranche formell. Wärmepompele fonctionéieren an et gëtt fir all Haus eng Léisung. A wann déi ze opwenneg ass, muss de Stat dat mat Primme begleeden. An domadder och fir soziale Klima-Ausgläich suergen: Well de Klimawandel trëfft am häertsten déi Leit, déi wéineg hunn.

Kritesche Bléck op de Klimaschutz

Dat et ëmmer e puer Weeër ginn, fir en Ziel ze erreechen, ass net a Fro ze stellen. Mee wien systematesch technologesch Entwécklunge kritiséiert, attackéiert a mat hinnen Angscht verbreet, obwuel se wëssenschaftlech nogewisen dem Klimaschutz hëllefen, deem geet et net wierklech ëm de Klimaschutz. Deem geet et ëm de Status quo. A well de Mënsch bequeem ass a Changementer scheit, gräift dee Populismus. Klimaschutz gëtt dann als ideologesch gefouerte Kulturkampf héich stiliséiert, déi déi sech fir een asetzen als Klima-Terroriste bezeechent. Fir datt sech näischt ännert.

Den 31 Grad, déi dës Woch fir d'éischte Kéier an engem Mount Mäerz am Südweste vu Frankräich gemooss goufen hëlleft dat awer net. An den Dierfer an Zentralfrankräich déi zanter Méint per Camion mat Drénkwaasser versuergt ginn och net. Dofir brauch een eng sachlech a fundéiert Diskussioun.