Et scannt een dofir de Barcode vum Produit, oder et gëtt een den Numm an der App an, an da seet engem d'Applikatioun, ob eventuell geféierlech Substanzen dra sinn, a wéi eng dat sinn.
Et geet ëm ronn 200 Substanzen, déi vun der europäescher Chemikalien-Agentur idendifizéiert goufen, déi kriibserreegend sinn, negativ Auswierkungen op den Hormonhaushalt kënnen hunn, oder och nach d'Potenz negativ beaflosse kënnen, sou den Arno Biwer vum LIST, deen un der Entwécklung bedeelegt war.
An der Reegel sinn dat Stoffer, déi net verbuede sinn, mee de Produzent ass awer dozou verflicht de Verbraucher ze informéieren, wa se an enger méi héijer Konzentratioun wéi 0,1 Prozent enthale sinn.
An dat ass och d'Iddi hanner der App, de Konsument soll vu sengem Recht op Informatioun Gebrauch maache kënnen.
Scan4Chem ass Deel vum europäesche Projet REACH, Deel vum LIFE-Programm, an deem d'Ëmsetzung vun der europäescher Ëmweltpolitik gefërdert gëtt. An enger éischter Phas ass d'App a 14 Länner disponibel, dorënner och Lëtzebuerg. D'Zil ass et awer, datt Scan4Chem an den nächste Joren a ganz Europa kann erofgeluede ginn.